Lawrence Gonzi

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Lawrence Gonzi 2009.jpg

De Lawrence Gonzi, gebuer den 1. Juli 1953 zu Pietà, ass e maltesesche Politiker.

Hien ass de Leader vun der Nationalist Party (op Maltesesch: Partit Nazzjonalista) a gouf den 23. Mäerz 2004 Premierminister. No de Parlamentswalen 2008 gouf hien an dëser Fonctioun confirméiert.

1998 gouf de Lawrence Gonzi Minister fir Sozialpolitik an 1999 Vize-Premier. 2004 gouf hien da Premierminister a Finanzminister. Ausserdeem ass hien 2008 zoustänneg fir d'Porte-feuillë Inneministère, Ëmwelt a Landesplanung, Verdeedegung, Nohalteg Entwécklung an Tourismus.