John Bird
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De John Bird, gebier anm Joer 1709 zu County Durham a gestuerwen den 31. Mäerz 1776 zu London war e briteschen Astronom a Fabrikant vu wëssenschaftlechen Instrumenter.
De Bird huet wichteg Fortschrëtter an der Entwécklung vun astronomeschen Instrumenter gemaach. Verschidden Instrumenter goufen vum Jeremiah Dixon agesat. Ee vun him entwéckelten astronomesche Quadrant gouf vum James Cook op Tahiti gebraucht fir de Venustransit am Juni 1769 ze observéieren. Ee Mauerquadrant vum Bird krut am Joer 1750 den Royal Greenwich Observatory, 1756 den Observatoire Göttingen, 1768 den Berliner Observatoire, 1772 den Radcliffe Observatoire zu Oxford an am Joer 1776 den Observatoire Mannheim.