Radcliffe Observatoire
De Radcliffe Observatory war een Observatoire vun der Universitéit Oxford vu 1773 bis 1934 zu Oxford, England an tëschent 1934 an 1972 zu Pretoria, Südafrika.
Den Observatoire gouf vum John Radcliffe gegrënnt an ass no him genannt. D'Gebai gouf no Entwërf vum Henry Keene an dem James Wyatt, 1794 fäerdeggestallt. De gréissten Teleskop vum Observatoire war zënter 1901 den Duebelrefrakter mat 60 a 45 cm Lënsenduerchmiesser. Wéinst den Observatiounsméiglechkeeten, déi sech ëmmer méi verschlechtert hunn, well Oxford ëmmer méi grouss gouf, gouf den Observatoire 1934 vun der Radcliffe-Stëftung verkaaft an zu Pretoria nei opgeriicht. E krut, gebremst duerch den Zweete Weltkrich an technesch Schwieregkeeten, 1948 den neie Radcliffe Telescope, e Spigelteleskop mat 188 cm Duerchmiesser; ee vun de gréissten Teleskope an där Zäit. Awer och do hunn sech Siichtverhältnesser rapid verschlechtert, sou datt den Observatoire schliisslech mat aneren Arichtungen an de 1970er zum South African Astronomical Observatory an der Géigend vun der Stad Sutherland zesummegezu gouf. De Radcliffe Telescope gouf 1977 och dohinner geplënnert.
D'Gebai zu Oxford gëtt weiderhi vun der Universitéit benotzt, während déi fréier Instrumenter am Museum of the History of Science ze gesi sinn. Den Duebelrefrakter gouf vum University of London Observatory kaf a steet do zënter 1938 op dem Mill Hill am wëssenschaftleche Betrib.
Um Spaweck [änneren]
- (en) Radcliffe Observatory
- Knox-Shaw, H.: The Radcliffe Observatory at Pretoria, Astronomical Society of the Pacific Leaflets, Vol. 6, p. 170, 1951
- (en) Radcliffe, University of London Observatory