John Radcliffe

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den John Radcliffe.

Den John Radcliffe, gebuer 1652 zu Wakefield (Yorkshire), a gestuerwen am Joer 1714 war e britesche Medeziner a grousse Philanthrop.

[änneren] Biographie

Den John Radcliffe huet seng Studien an der Queen Elizabeth Grammar School ugefangen. Seng Diplomer krut hien vun der Universitéit Oxford, wou hie mat brillante Resultater ofgeschloss hat. Hie gouf dann Fellow am Lincoln College. 1682 ass hien dann Dokter an der Medezin ginn, an ass duerno op London geplënnert.

An der Haaptstad huet hie sech schnell en Numm gemaacht a gouf perséinlechen Dokter vum Kinnik Wilhelm an der Kinnigin Marie. 1713 gouf hien an d'Parlament gewielt a Member vum Buckingham.

No sengem Doud gouf säi Verméigen, no sengem Wonsch, fir gutt Zwecker opgedeelt un de « St Bartholomew's Hospital » an un de « University College », seng fréier Schoul. No him benannt sinn de « Radcliffe Quad » an de Radcliffe Observatoire. Säin Numm krut och d’Radcliffe Kamera, d'Radcliffe Infirmary an d’John Radcliffe Hospital.

[änneren] Literatur

  • Campbell R. Hone, The Life of Dr. John Radcliffe 1652-1714, Faber and Faber, 1950.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen