South African Astronomical Observatory
Den South African Astronomical Observatory (SAAO) ass en Zenter fir optesch an infraroutgestëtzten Astronomie a Südafrika. Et ass eng Ariichtung vun der National Research Foundation.
Den SAAO Haaptsëtz ass am Randberäich vum Observatoire zu Kapstadt. D'Haaptteleskopen, déi fir Fuerschungszwecker gebraucht ginn, befannen sech bei der Observatiounsstatioun vun der SAAO ronn 4 Autostonnen vun der Stad ewech.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
De SAAO gouf am Januar 1972 vum Council for Scientific and Industrial Research a Südafrika an dem Science and Engineering Research Council aus Groussbritannien zesumme gegrënnt. Et kombinéiert d'Ariichtungen vum "Royal Observatory" (1820) an dem "Republic Observatory" (1903) zu Johannesburg a formt sou eng grouss Standplaz mat verbesserten Méiglechkeeten.
Instrumenter [änneren]
- Southern African Large Telescope (SALT)
- Radcliffe Telescope
- Elizabeth Telescope
- Alan Cousins Telescope
- SuperWASP
- MONET
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- (en) SAAO Website