Royal Greenwich Observatory

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Royal Greenwich Observatory

De Royal Greenwich Observatory, deen als Aarbechtsplaz fir de kinneklechen Haffastronom erbaut gouf, louch ursprénglech op engem Hiwwel am Greenwich Park zu Greenwich, London, vu wou een d'Themse konnt gesinn. D'Observatoire, geneegeholl de Mëttelpunkt vum Teleskop am Observatoire, gouf als Bezéiungspunkt fir d'Festleeung vum Nullmeridian a soumat de Längegrade gebraucht. Hie gëtt am banneschten Haff duerch eng Messengsträif markéiert an zanter dem 16. Dezember 1999 beliicht e staarke grénge Laser d'Linn, déi an der Nuecht no Norden duerch London an Essex liicht.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Observatoire gouf den 22. Juni 1675 vum Kinnek Charles II vun England gegrënnt an de Bau an Optrag ginn. D'Flamsteed House (1675 - 1676), den ursprénglechen Deel vum Observatoire, gouf vum Sir Christopher Wren konstruéiert a war dat éischt Fuerschungsinstitut a Groussbritannien, dat speziell fir dësen Zweck gebaut gouf.

  • 1675 Royal Observatory gëtt gegrënnt.
  • 13. Oktober 1884 Op der International Meridian Conference in Washinghton D. C. gëtt de Meridian duerch d'Royal Observatory zu Greenwich zum Nullmeridian festgeluecht.
  • 1948 D'Royal Observatory zitt no Herstmonceux, a gëtt d'Royal Greenwich Observatory (RGO). D'Plaz zu Greenwich gëtt Old Royal Observatory.
  • 1990 D'RGO zitt op Cambridge. D'SLR Ariichtung bleift zu Herstmonceux.
  • 1998 D'RGO gëtt zougemaach. D'Plaz zu Greenwich gëtt d'Royal Observatory, Greenwich, an ass Dewll vum National Maritime Musee.
GPS-Positioun vun der Nulllinne

Genee Positioun[änneren | Quelltext änneren]

Well de moderne Nullmeridian vum haitege gebräichleche Koordinatesystem WGS84 net méi uertsfest un d'Äerduewerfläch gebonnen ass, a well de Geoid am Laf vun der Zäit e puer Mol geännert gouf, geet den aktuellen Nullmeridian ronn 100 m ëstlech laanscht den Observatoire.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Royal Observatory, Greenwich – Biller, Videoen oder Audiodateien