Geoid

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gnome-globe.svg Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Äerdmagnéitfeld, Ofwäichunge staark iwwerhéicht

Schonn de Pierre-Simon Laplace (1802), Carl Friedrich Gauß (1828) an de Friedrich Wilhelm Bessel (1837) hunn erkannt, datt en ellipsoidescht Äerdmodell, bei héijer Genauegkeet vun der Observatioun, als exakt Léisung net ausräichend ass. Ellipsoidesch Modeller kënnen dofir nëmmen als net fäerdeg Léisung fir d'Äerdgestalt déngen. D'Äerd ass opgebaut aus Masse vu verschiddenen Dichten, déi allerdéngs net gläichméisseg verdeelt sinn.

Inhaltsverzeechnes

Definitioun vun der Geodesie [änneren]

D'Aufgabstellung vun der Geodesie loosse sech nom Wolfgang Torge (1975) folgendermoossen definéieren:

D'Geodesie huet d'Missioun, d'Figur vun der Äerd an dat baussenzegt Magnéitfeld vun der Äerd, an aner Himmelskierper als Funktioun vun der Zäit, souwéi déi mëttelst Äerdellipsoid aus den an der Äerduewerfäch an am baussenzege Raum observéierte Gréissten ze bestëmmen.

Figur vun der Äerd als physesch an als mathematesch Uewerfläch [änneren]

D'Figur vun der Äerd gëtt duerch eng physesch an duerch eng mathematesch Uewerfläch beschriwwen. Ënnert der physeschen Äerduewerfläch versteet een d'Begrenzung tëschent festen a flëssegen Äerdmassen géigeniwwer der Atmosphär. Heir fënnt jo souzesoen en Dichtesprong am Opbau vun der Äerd statt, an zwar vun der mëttler Dicht vun der ieweschter Äerdkrust mat r = 2,7 gcm-3 op d'Loftdicht mat r = 0,0013 gcm-3.

Déi onregelméisseg gebauten Fläch vun der festen Äerdmass wéi z.B d'Kontinenter léisst sech awer net sou ouni weideres duerch eng mathematesch Bezéiung duerstellen. Hei hëlleft nëmmen déi punktweis Erfaassung a Kartographéierung. Gewéinlecherweis geschitt dëst an 5° x 5° oder och an 1° x 1° Ënnerdeelungen. D'Uewerfläch vun den Ozeane, déi ëmmerhin ronn 70% vun der Äerduewerfläch ausmaachen, weist awer e Bildungsgesetz op. Ënner bestëmmte Virraussetzungen maachen d'Miere eng Uewerfläch, op deem e konstant Schwéierpontatial ass. Si ass dann d'Niveaufläch vum Äerdmagnéitfeld.

J.B. Listing definéiert de Begrëff Geoid [änneren]

Denkt ee sech dës Uewerfläch ënnert de Kontinenter fortgesetzt, sou kritt een déi mathematesch Äerdfigur. De J.B. Listing huet dëser Niveaufläch 1872 den Numm Geoid. Bei deenen bis haut gemaachten Geoidbestëmmungen huet sech gewisen, datt d'Ofwäichungen vum Geoids vun enger mëttleren Rotatiounsellipsoid méi kleng ewéi 100 Meter an der Héicht bedréit. Dës Ofwäichungen ginn als Geoidundulatiounen bezeechent. Dofir gëtt an der Regel e Referenzellipsoid ugeholl, an déi optridend Héichten iwwer d'Ellipsoiduewerfläch opgedroen.

Literatur [änneren]

  • Christoph Reigber, Peter Schwintzer: Das Schwerefeld der Erde. Physik in unserer Zeit 34(5), S. 206–212 (2003), ISSN 0031-9252.
  • Erwin Groten: Geodesy and the Earth’s Gravity Field – Vol.I Principles and Conventional methods. Bonn 1979.
  • Intergovermental Committee On Surveying & Mapping: Geocentric Datum of Australia – Technical Manual, Version 2.2. PDF, Stand: 2005.
  • Wolfgang Torge: Geodäsie. 2. Auflage. Walter de Gruyter, Berlin u.a. 2003, ISBN 3-11-017545-2

Um Spaweck [änneren]