Maria Cioncan

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D' Maria Cioncan gebuer den 19. Juni 1977 zu Maieru a Rumänien, a gestuerwen den 21. Januar 2007 bei Plewen, Bulgarien, war eng rumänesch Liichtathletin.

D'Maria Cioncan war 2003 rumänesch Landesmeeschterin am 800-Meter-Laf, an 2003 an 2004 war se Landesmeeschterin am 1500-Meter-Laf.

Bei den XXVIII. Olympesche Summerspiller 2004 zu Athen krut se mat hirer perséinlecher Beschtzäit, am 1500-Meter-Laf, d'Bronze Medail hanner der Britin Kelly Holmes (Gold) an der Russin Tatjana Tomaschowa (Sëlwer). Am 800-Meter-Laf gouf se déi siwent.

Um Heemwee vun engem Trainingslager a Griicheland, ass se den 21. Januar 2007 bei engem Autosaccident déidlech verongléckt.

Beschtleeschtungen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]