Charlie Chaplin

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Charlie Chaplin, 1965, fotograféiert vum Erling Mandelmann
Charlie Chaplin

Den Charlie Chaplin, eigentlech Charles Spencer Chaplin, gebuer de 16. Abrëll 1889 zu London a gestuerwen de 26. Dezember 1977 zu Vevey um Genferséi, war en englesche Filmschauspiller a Regisseur.

Den Charlie Chaplin ass aus ganz aarme Verhältnesser komm an huet sech d'éischt als Geleeënheetsaarbechter a mat klenge Bühnerollen duerchgeschloen. Duerno gouf hie Clown a Schauspiller bei enger Wandergrupp. Op enger Amerikatournee huet hien en Engagement als Filmkomiker zu Hollywood ugeholl.

Hien huet schonn a sengem éischte Joer (1914) 35 Filmer gedréint.

The Tramp (1915) an The Immigrant (1917) waren dem Charlie Chaplin seng éischt Meeschterwierker.

1919 huet hien zesumme mat der Mary Pickford an dem Douglas Fairbank d'United Artists gegrënnt, fir déi de Chaplin no 1923 ausschliisslech gespillt huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Charlie Chaplin – Biller, Videoen oder Audiodateien