Mike Shinoda
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Michael Kenji Shinoda, gebuer den 11. Februar 1977 zu Agoura a Kalifornien ass en US-amerikanesche Rapper a Gittarist. Hien ass de Grënner vun der Metal-Band Linkin Park.
2005 hat hien eng Solo-Carrière ënnert dem Numm Fort Minor ugefaangen, mä schonn no dem éischten Album nees mat Linkin Park weidergemaach.
Hien hat um Art Center College Of Design zu Pasadena, Kalifornien, Konscht studéiert fir spéiderhin als Graphiker ze schaffen. Seng Konschtstudie kommen him well och an der Band zugutt, wou hien och fir den Design vun de Coveren a vun der Internetsäit zoustänneg ass.
De Mike Shinoda ass zënter 2003 bestuet.
| Commons: Mike Shinoda – Biller, Videoen oder Audiodateien |