Gabriel Boisanté

Vu Wikipedia
Gabriel Boisanté
Gebuer 8. Oktober 1977
Paräis
Aktivitéit Schauspiller, Entreprener, Politiker

De Gabriel Boisanté, gebuer den 8. Oktober 1977 zu Paräis, ass e lëtzebuergesch-franséische Politiker (LSAP), Schauspiller an Entreprener.[1][2]

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Ausbildung an Entreprenuriat[änneren | Quelltext änneren]

De Gabriel Boisanté huet 1997 e "Baccalauréat scientifique" am Lycée Vauban an der Stad Lëtzebuerg gemaach. Duerno huet hien e Master an der Immunologie an e Master a strategeschem an Entreprenermanagement zu Paräis gemaach.[1]

Hien huet e puer Joer zu Paräis geschafft, ënner anerem bei der Versécherungsgesellschaft Axa, an duerno beim lëtzebuergeschen Zertifizéierungsinstitut Luxcontrol.[1]

2012 war hien de Matgrënner vum Restaurant Mama Loves You. Duerno huet hien nach weider Restauranten a Baren mat opgemaach: Mamacita, Coppers, Paname, Urban, Bazaar, an Amore.[2]

Schauspillerei[änneren | Quelltext änneren]

De Gaberiel Boisanté ass och e Schauspiller, deen a méi wéi 20 Kuerzfilmer, Filmer a Serië matgespillt huet.[3] Hien hat ënner anerem Rollen a Baby(a)lone (2015), Capitani (2020) a Io sto bene (2021).

Hien huet 2012 an 2014 d'Galae vum 5. a vum 6. Lëtzebuerger Filmpräis moderéiert.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Hien ass zënter 2016 Member an der LSAP an zënter 2019 Chef vun de Stater Sozialisten.[1] Am Januar 2020 ass hie fir de Marc Angel am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg nogeréckelt, deen an d'Europaparlament gewiesselt ass, wéi den Nicolas Schmit EU-Kommissär gouf. U sech war d'Joanne Goebbels nom Marc Angel déi Persoun, déi bei de leschte Walen déi meescht Stëmme krut, mä si hat op d'Plaz am Gemengerot verzicht[4].

Bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 gouf hien an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg erëmgewielt.[5]

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

Hien ass Papp vun dräi Kanner.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 vdl.lu: Profil um Site vun der Stad Lëtzebuerg
  2. 2,0 2,1 paperjam.lu: Profil op Paperjam
  3. lequotidien: Luxembourg : Boisanté, 42 ans et tous ses dons vum Geneviève Montaigu (29. Januar 2020)
  4. tageblatt.lu: Gemeinderat Luxemburg / Gabriel Boisante rückt für Marc Angel nach (10. Januar 2020)
  5. David Thinnes: "So sieht der neue Gemeinderat der Stadt Luxemburg aus." wort.lu [w+], 12.07.2023.