Ulugh Beg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Ulugh Beg a säin Observatoire
Agank zum Ulug-Beg-Observatoire (haut e Museum) zu Samarkand
Bannen am Observatoire

Den Ulugh Beg, och Mīrzā Muhammad Tāriq bin Schāhruch Ulugh Beg genannt, gebuer den 22. Mäerz 1394 zu Soltanije, Iran a gestuerwen de 27. Oktober 1449 ermued zu Samarkand. Weider verschidde Schreifweise vum Numm: Uluğ Bey, Ulugh Bek an Uluġ Beg Hie war en Timuriden-Fürst zu Samarkand. Bekannt gouf hien als Astronom an Märtyrer vun der Wëssenschaft. De Numm Ulugh Beg ass eigentlech en Titel a bedeit souvill wéi Groussen Herrscher.

Den Ulugh Beg war de Jong vum Schah-Ruch a senger konschtbegeeschteter Fra, Gawhar-Shad, an domat ee vun den Enkelen vum Eroberer Timur Lenk (Tamerlan). Säi Papp huet sech 1407 an Nofollegkämf ënnert den Ierwen Timurs duerchgesat an huet 1409 Herat zu senger Haaptstad gemach. Fir déi fréier Haaptstad net opzeginn, gouf de 15-järege Ulugh Beg, ënner erproufter Virmondschaft, als Statthalter zu Samarkand agesat. Spéider huet den Ulugh Beg selbstänneg regéiert: hie stellt sengem Papp zwar Truppen, besicht hien awer ganz rar a setzt souguer e Khan als Nominalherrscher an, wat de Papp bestëmmt net gefreet hat. Seng Mënzen hunn awer de Numm vum Schah-Ruch gedroen. De Vizekinnek beschäftegt sech mat Mathematik an Astronomie. Dono koum Konscht, Poesie an d'Studium vum Koran. 1417/20 grënnt hien d'Ulughbeg-Madrasa (Héichschoul, mat 60 bis 70 Geléierte) zu Samarkand, 1428 den Observatoire Gurkhani Zij. D'Wëssenschaftler Al-Kashi, Qadi Zada an den Ulugh Beg kalkuléierten d'siderescht Joer zu 365 Deeg, 6 Stonne, 10 Minutte an 8 Sekonne (mat engem Feeler vun 58 Sekonne, verglach mat dem haitege Wäert). Weider gouf tëschent 1420 an 1437 de Stärekatalog Zij-i-Sultani mat de Positiounsdaten vun 1018 resp. 992 Stäre opgestallt. Den Ulugh Beg baut op der Aarbecht vum Muhammad ibn Musa al-Chwarizmi (ca. 780850 Mathematik, Astronomie) an Ptolemäus (ca. 90160 Astronomie) op. 1830 éiert de Johann Heinrich von Mädler seng astronomesch Aarbechten duerch d'Benennung vum Ulugh Beigh-Moundkrater.

Als Herrscher war den Ulugh Beg wéineg erfollegräich. No dem Doud vu sengem Papp Schah Ruch 1447 koum hien a Schwiiregkeete, well d'Muechtiwwerhuelung ass zu Herat net glat verlaf. Sämtlech Prënzen spillten op onkloere Fronten géint eneen, d'Land gouf geschiedegt an der Loyalitéit sengem (vu Gauhar Shad ënnerstëtzte) Jong Abd al-Latif konnt hien och net sécher sinn. Tëschent de béiden koum et oft zum Sträit. Feinde hunn d'Onrou ausgenotzt: D'Timuriden hunn d'Syr-Darja-Gebitt verluer an de Grënner vum Usbekeräich, Abu'I-Chair Khan, deen deemols bis Samarkand virgedrongen an dem Ulugh Begs seng Truppen um Oxus iwwerfall hat.

Déi volleksno Geeschtlechkeet (Sufis, Derwische) war net begeeschtert, well den Ulugh Beg hat d'Wëssenschaft iwwer de Glaaf a sécherlech och iwwer seng Flichten als Sultan gesat. Dozou koumen eng etlech gréisser Feierlechkeete. Säi Jong Abd al-Latif (ermued 1450) huet hien op Ustëftung vum Hoja Ubaidulla Akrar (gestuerwen 1490, e Frënd vun de Klengbaueren a sozial Schwaachen) ofsetzen. Den Ulugh Beg gouf bei Samarkand iwwerwältegt, nodeem d'Geeschtlechkeet Onrou an der Stad ugestëft haten. De Beg huet keng Bleif zu Samarkand fonnt, huet sech erginn a gouf op eng Pilgerrees geschéckt, op déier hien awer festgeholl an higeriicht gouf. Den Observatoire gouf zerstéiert, awer een Astronom konnt mat de Stäretafelen fortkommen. D'Gelänn vum Observatoire gouf 1908 vu russesche Archäologen entdeckt an ausgegruewen.

Dem Ulug Beg gëtt zougeschriwwen: „D'Religione zerstreeë sech wéi Niwwel, d'Zareräicher zerstéieren sech selwer, awer d'Aarbechte vu Geléierter bleiwen fir all Zäiten. D'Striewen no Wëssen ass d'Flicht vu Jiddferengem!“[1]

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Literatur

  • Wilhelm Barthold: Ulug Beg und seine Zeit. Deutsche Bearbeitung von Walther Hinz (übersetzt nach der Ausgabe Petrograd 1918). Brockhaus, Leipzig 1935 (Abhandlungen für die Kunde des Morgenlandes 21, 1, (Nachdruck: Institute for the History of Arabic-Islamic Science, Frankfurt am Main 1998, (Publications of the Institute for the History of Arabic-Islamic Science - Islamic mathematics and astronomy 54

[änneren] Um Spaweck

Commons: Ulugh Beg – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie


[änneren] Referenzen

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen