Jean Igel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean Igel oder Jengy Igel , gebuer den 13. Februar 1919 zu Hueschtert a gestuerwen den 11. Februar 1998 zu Rammeldang, war e lëtzebuergesche Vëlosportler.
Hien ass fir de Velo-Sport Dummeldeng gefuer an huet als ee vun de beschte Sprinter zu Lëtzebuerg gezielt. Ee vu sengen technesche Beroder, deen him eng grouss d'Zukunft virausgesot hat, war den Nicolas Frantz. Leider huet den Zweete Weltkrich eng Brems a senger sportlecher an enger méiglecher Proficarrière bedeit. Hien huet Lëtzebuerg tëschen 1946 a 1950 véiermol bei de Cyclo-Cross Weltmeeschterschafte vertrueden.
Inhaltsverzeechnes |
Palmarès [änneren]
1938 [änneren]
- 2. am Critérium des Jeunes
1940 [änneren]
- 1. bei den Nationale Wantermeeschterschaften
1941 [änneren]
- 1. bei Rund um Luxemburg
1945 [änneren]
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Independanten)
- 3. a Metz - Luxembourg
1946 [änneren]
- 11. am Tour de Luxembourg
1947 [änneren]
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Independanten)
- 1. bei den National Meeschterschaften op der Piste an der Poursuite an an der Vitesse.
1948 [änneren]
- 28. am Tour de Luxembourg
1949 [änneren]
- 21. am Tour de Luxembourg
1950 [änneren]
- 17. am Tour de Luxembourg
1950 [änneren]
- 17. op der Weltmeeschterschaft am Cyclo-Cross