Kim Jong-il

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Kim Jong-il am Joer 2000

De Kim Jong-il, gebuer de 16. Februar 1941 zu Wjatskoje bei Chabarowsk an der Russescher Sozialistescher Federativer Sowjetrepublik, offiziell de 16. Februar 1942 um Paektusan am deemolege Japanesche Keeserräich a gestuerwen de 17. Dezember 2011, war de President vun der Nationaler Verdeedegungskommissioun vun Nordkorea, ieweschte Kommandant vun der Koreanescher Volleksarméi an de Generalsekretär vun der Partei vun der Aarbecht vu Korea an hat domat faktesch d'Muecht an der Demokratescher Volleksrepublik Korea.

De Kim Jong-il gëllt wéinst senger Handlungsweis, déi him duerch seng onageschränkte Muecht erméiglecht gouf, als Diktator.

Wéi scho bei sengem Papp, dem Kim Il-sung, gouf ëm hien en elaboréierte Persounekult bedriwwen. Wann an de nordkoreanesche Medie vun him rieds war, huet säin Numm (deen, wa geschriwwen, ëmmer fett ervirgehuewe war, missen en Attribut hunn, wéi "léiwe Guide", "Sonn vun der Fräiheet", "deen aus dem Himmel erofkomm ass", asw. A senger offizieller Biographie ginn him scho bal iwwermënschlech Qualitéiten ugedicht: Hien hätt scho kënne mat e puer Méint schwätzen, honnerte vu Bicher geschriwwen, eng sëllechen Opere komponéiert, an esouguer den Hamburger erfonnt...

Wierker[änneren]

Ënnert de sëllege Wierker, déi hien als Auteur uginn, gëtt et eent op Lëtzebuergesch:

  • Kim Djhöng-il: Di historesch Lekzioun vum Opbau vum Zozialissem an déi allgemeng Linn vun onser Partei. Iwwersat vu Jo Muttergé. Lëtzebuerg: COPE 1992, 48 S.

Um Spaweck[änneren]

Commons: Kim Jong-il – Biller, Videoen oder Audiodateien