Elsy Jacobs

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Elsy Jacobs 1959.
Fairytale Trash Questionmark.png Dëse Fichier ass net fräi a muss leider geschwë geläscht ginn.
Hëlleft w.e.g. fir en duerch e fräie Fichier z'ersetzen!

D'Elsy Jacobs, gebuer de 4. Mäerz 1933 an der Maternité am Pafendall a gestuerwen den 28. Februar 1998 an der Bretagne, war eng lëtzebuergesch Vëlossportlerin.

Schëld op der Sportshal zu Garnech

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Elsy Jacobs huet duerno mat hiren Elteren zu Garnech an der Schoulstrooss op der Nummer 61, am Haus Hames, gewunnt. Si war dat jéngst Kand vu siwen. E puer vun hire Bridder souze schonn als Jugendlecher op Coursevëloen. Et waren dat de Roger ("Rosch"), de Roby, den Edmond("Ed") an de Raymond ("Raym). Hire Brudder Eugène war jonk gestuerwen an hir Sëschter Cécile war als Infirmière an England gaangen.

An hirer Jugend huet d'Elsy vill mat hire Bridder trainéiert, mä Coursse konnt si zu Lëtzebuerg keng fueren. Déi Zäit hate Fraleit näischt bei Vëloscourssen um Suedel verluer. Dowéinst huet si missen an d' Belsch oder a Frankräich fuere goen, wou hir Lizenz unerkannt gouf. Eréischt 1955 huet déi lëtzebuergesch Vëlosfederatioun hir Statute wéinst der Elsy Jacobs geännert a si huet däerfe Courssen zu Lëtzebuerg fueren.

Den 30. August 1958 gëtt zu Reims déi éischt Weltmeeschterschaft fir Frae gefuer. D'Elsy fiert mat a gëtt Weltmeeschterin, virun der iranescher Topfavoritin an de staarke Sowjetrussinnen.

Fichier:EJ 1958 Reims.jpg
D'Elsy Jacobs 1958 zu Reims op der Weltmeeschterschaft.
Fairytale Trash Questionmark.png Dëse Fichier ass net fräi a muss leider geschwë geläscht ginn.
Hëlleft w.e.g. fir en duerch e fräie Fichier z'ersetzen!

E puer Méint drop, den 9. November fiert si zu Mailand op der Ronnpist fir de Stonneweltrekord ze briechen. Deen hat d'Englännerin Millie Robinson datselwecht Joer am September opgestallt mat 39 km, 718 m an 80 cm. Bei niwwelegem a kale Wieder huet d'Elsy Jacobs de Weltrekord ëm 1.628 Meter iwwerbueden. E Rekord mat 41 km, 347 m a 27 cm deen eréischt no 14 Joer vun der Italienerin Maria Cressari zu Mexiko 1972 knapps mat 41,471 km konnt gebrach ginn.

No deene Succèse koum et dann dozou datt och zu Lëtzebuerg Dammecoursse gefuer si ginn. D'Elsy Jacobs huet de Meeschtertricot vun 1959 bis 1974 gedroen.

Vëlo vun der Elsy Jacobs am Centre sportif zu Garnech.

1974 koum et zu Reiwereien tëscht der Elsy Jacobs an der Federatioun, déi si net fir d'Weltmeeschterschaft ugemellt hat. D'Federatioun huet sech hanner "Geldproblemer" verschanzt an d'Sportlerin wollt den Deplacement aus eegener Täsch bezuelen. Wéi och doraus näischt ginn ass, huet si d'Land verlooss, huet déi franséisch Nationalitéit ugeholl an ass fir d'éischt op Paräis wunne gaangen. Duerno ass si mat hirem Mann op Loudéac an der Bretagne geplënnert an huet do bis 1996 eng Jugendequippe trainéiert.

1998 ass d'Elsy Jacobs an der Bretagne gestuerwen.

Zanter 2001 gëtt all Joer den 1. Mee d'"Randonnée Elsy-Jacobs" mam Vëlo an hirer Heemechtsuertschaft Garnech organiséiert.

Fir de 40. Joresdag vun der Weltmeeschterin huet 1998 déi Schëfflenger Sculptrice Yvette Gastauer-Claire eng Erënnerungsmedail erausginn, an enger Oplo vun 20.

Am Kader vum 50. Joresdag vum Elsy Jacobs hirem Weltmeeschter-Titel an hirem Stonneweltrekord gouf de 26. Abrëll 2008 zu Garnech de Grand Prix Elsy-Jacobs, eng international Course fir Dammen, disputéiert.

De 26. Abrëll 2011 gouf eng Erënnerungsplack fir d'Elsy Jacobs, e Wierk vun der Yvette Gastauer-Claire, am Parc municipal an der Stad Lëtzebuerg ageweit.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Zangerlé, Gaston, 2000. Elsy Jacobs : grande-duchesse de la petite reine. Luxembourg-Cessange : Sport a Fräizäit Zéisseng. Luxembourg, Impr. Saint-Paul. 143 p. ISBN 2-9599791-0-9. (Extrait am PDF-Format)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]