Deflatioun
D’Deflatioun zeechent sech duerch eng allgemeng an dauerhaft Baisse vun de Präisser aus. Et ass eng negativ Inflatioun an eng Hausse vun der Kafkraaft, mä trotzdeem ass et en extrem geféierleche Phenomen, dee riskéiert sech selwer um Liewen ze halen. Tatsächlech gesinn d’Produzenten an d’Verkeefer vu Gidder eng Baisse vun de Präisser viraus. De Verbraucher sengersäits, den och unhëlt, datt d’Präisser nach weider falen, riskéiert ze waarden bis hien eppes gréisseres uschaaft. Esou gëtt d’Offer vun de Wueren a Servicer ëmmer méi grouss géintiwwer der Nofro. D’Präisser fale weider.
D’Produzenten an d’Händler passen sech der Lag un a reduzéieren hir Produktioun an och d’Personal.
Auswirkungen [änneren]
D’Aarbechtslosegkeet hëlt zou, d’Paië ginn erof, wat nees en Drock op d’Nofro huet. E richtegen Däiwelskrees entsteet. D'Wirtschaft ass am Fall vun enger Rezessioun.
Den eenzelnen de sech eppes duerch e Kredit zougeluecht huet, wéi beispillsweis en Haus, ass benoodelegt. Säin Haus ass manner wäert ginn, hie muss awer nach ëmmer d’Schold op de méi héije Präis bezuelen, wéi hien de Prêt opgeholl huet.
Duerfir ass der Zentralbank hiert Zil net d’Inflatioun op null ze bréngen. D’Zil vun der EZB ass éischter, si mëttelfristeg op e Niveau vun eppes ënner 2% ze halen.