Nicolas Brücher

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Selbstportrait vum Nicolas Brücher
Molereien an der Kathedral am polnesche Plock

Den Nicolas (oder Nikolaus) Brücher, gebuer den 29. Juli 1874 zu Elveng, an do gestuerwen den 2. Juli 1957, war e Lëtzebuerger Kierchemoler.

Seng Ausbildung als Kierchemoler krut de Brücher zu Kevelaer. Konscht huet hien um Institut Supérieur des Beaux-Arts zu Antwerpen studéiert. Hien huet zäitliewens am soug. 'Nazarenerstil' gemoolt.

Als Kierchemoler war hien ausser zu Lëtzebuerg och a Polen, bei ë. a. der Kathedral vu Plock an de Kierche vun Drzicim, Swornegace a Wiele, an a Russland aktiv.

E Katalog vu senge Wierker ass nach net ausgeschafft.

Lëtzebuergesch Kierchen an deenen de Brücher geschafft huet[änneren | Quelltext änneren]

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Malget, Jean: Die Maler der Mosel Nik Brücher, Nico Klopp und Joseph Sünnen im Licht ihrer Korrespondenz, J. Malget, Éilereng, 2006
  • Jeck, Marc: Le divin, l'humain et l'art. Le peintre mosellan Nicolas Brücher est mort il y a 50 ans, le 2 juillet 1957 an "Die Warte" vum 28. Juni 2007 (S.1-2) Woubäi ze bemierken ass, datt den "Autoportrait vun 1909" net den Nicolas weist, mä säi Brudder.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]