Humphrey Bogart
Den Humphrey DeForest Bogart gebuer de 25. Dezember 1899 zu New York, a gestuerwen de 14. Januar 1957 zu Hollywood, war en amerikanesche Filmschauspiller.
En éischte Succès
Seng Carrière huet an den 30er Jore mat der Interpretatioun vu Gangsterbossen a Boxeren ugefangen. 1941 kritt hie vum John Huston d'Chance, zu engem neie Filmtypus bäizedroen: mat senger Interpretatioun vum Sam Spade am The Maltese Falcon prägt hien den Typ vum Eenzelgänger. De Film noir ass gebuer. 1942 spillt e sech an den Filmklassikerhimmel. Am Film Casablanca spillt hien den zynische Nightclub-Besëtzer Rick. Bei den Dréiaarbechten zu To Have and Have not 1945 léiert de Bogart d'Lauren Bacall kennen, déi Fra, déi hien nach am selwechte Joer bestuede wäert a mat där hie bis zu sengem Doud zesummenbleiwt. 1946 dréint hie The Big Sleep an 1947 Dead Reckoning; zweemol e Succès. 1948 spillt de Bogart am The Treasure of the Sierra Madre ee vun den dräi erfolleglose Goldsicher.
Etabléiert an de 50er
1951 spillt hien seng wuel schéinste Roll: Als Charlie Alnutt am African Queen spillt hien den net méi ganz jonke Kapitän deen et net nëmme mat Bluttsëffer an Nazie mee och nach mat der Katharine Hepburn ze di kritt. Dës Roll bréngt him den Oscar als beschten Haaptduersteller. 1954 hat hie bal nach en zweete vun deene Giele mat heemhuele kënnen: am Edward Dmytryk sengem The Caine Mutiny begeeschtert hien d'Kritiker. Nach am selwechte Joer dréint hien The Barefoot Contessa mat der Ava Gardner a Sabrina. Dëse Film ass wuel Schold drun datt den Humphrey Bogart ni méi e Film mam Billy Wilder zesumme gedréit huet; den Bogart huet d'Roll akzeptéiert well him versprach gouf, datt d'Bacall mat him spillt. Mee amplaz kréien d'Audrey Hepburn an de William Holden d'Rollen. Am We're No Angels spillt hien e Gefaangenen, zesumme mam Peter Ustinov. Vum Kriibs gezeechent gëtt him seng lescht Roll am The Harder They Fall (1956) nach eng leschte Kéier d'Méiglechkeet, säi ganzt Kënnen ze weisen.
[änneren] Filmographie (Auswiel)
- The Harder They Fall, 1956, vum Mark Robson mam Rod Steiger a Jan Sterling
- We're No Angels, 1955, vum Michael Curtiz mam Aldo Ray a Peter Ustinov
- The Left Hand of God, 1955, vum Edward Dmytryk mam Gene Tierney a Lee J. Cobb
- Sabrina, 1954, vum Billy Wilder mam Audrey Hepburn a William Holden
- The Barefoot Contessa, 1954, vum Joseph L. Mankiewicz mam Ava Gardner a Rossano Brazzi
- The Caine Mutiny, 1954, vum Edward Dmytryk mam José Ferrer a Van Johnson
- Beat the Devil, 1953, vum John Huston mam Gina Lollobrigida a Jennifer Jones
- Battle Circus, 1953, vum Richard Brooks mam June Allyson a Keenan Wynn
- The African Queen, 1951, vum John Huston mam Katharine Hepburn a Robert Morley
- The Treasure of the Sierra Madre, 1947, vum John Huston mam Walter Huston a Robert Morley
- Dark Passage, 1947, vum Delmer Daves mam Lauren Bacall an Agnes Moorehead
- Dead Reckoning, 1947, vum John Cromwell mam Lizabeth Scott
- The Big Sleep, 1946, vum Howard Hawks mam Lauren Bacall an Dorothy Malone
- To Have and Have Not, 1945, vum Howard Hawks mam Lauren Bacall a Walter Brennan
- Passage to Marseille, 1944, vum Michael Curtiz mam Michèle Morgan a Claude Rains
- Casablanca, 1942, vum Michael Curtiz mam Ingrid Bergman a Claude Rains
- High Sierra, 1941, vum Raoul Walsh mam Ida Lupino an Arthur Kennedy
- The Maltese Falcon, 1941, vum John Huston mam Mary Astor a Peter Lorre
- Up the River, 1930, vum John Ford mam Spencer Tracy
[änneren] Um Spaweck
- Video
| Commons: Humphrey Bogart – Biller, Videoen oder Audiodateien |