Lauren Bacall

Vu Wikipedia
Lauren Bacall
Gebuertsnumm Betty Joan Perske
Gebuer 16. September 1924
Bronx
Gestuerwen 12. August 2014
Manhattan
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit USA
Educatioun American Academy of Dramatic Arts
Aktivitéit Filmschauspiller, Schrëftsteller, Mannequin, Pressespriecher, Theaterschauspiller, Synchronspriecher, Televisiounsschauspiller, Sänger, Schauspiller
Partei Demokratesch Partei
Famill
Bestuet mat Humphrey Bogart, Jason Robards
Kanner Sam Robards
D'Lauren Bacall (1944)

D'Lauren Bacall, gebuer als Betty Joan Perske de 16. September 1924 zu New York City an och do gestuerwen den 12. August 2014 war eng US-amerikanesch Schauspillerin.

Direkt grouss eraus am Kino koum d'Lauren Bacall mat der Haaptroll an hirem éischte Film vum Howard Hawks To Have and Have Not am Joer 1944. Den Hawks huet hir eng zweet grouss Roll am Film The Big Sleep (1946) ginn. Enner der Regie vum John Huston huet si am Joer 1948 a Key Largo hiren drëtte Film mam Schauspiller Humphrey Bogart gedréint.

Weider wichteg Filmer an hirer Karriär waren How to Marry a Millionaire (1953) vum Jean Negulesco mam Betty Grable a Marilyn Monroe, dann 1956 de Melodrame Written on the Wind vum Douglas Sirk mam Rock Hudson a Robert Stack, de Western The Shootist (1976) vum Don Siegel mam John Wayne an James Stewart an dann nach 2003 deen an enger minimalistescher Theaterdekoratioun gedréinte Film Dogville, vum Lars von Trier mam Nicole Kidman an Harriet Andersson.

Vun 1945 bis zu deem sengem Doud de 14 Januar 1957 war si mam Schauspiller Humphrey Bogart bestuet. Duerno vun 1969 bis zu hirer Scheedung am September 1969 war si mam Schauspiller Jason Robards bestuet.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

vun 1944 bis 1949[änneren | Quelltext änneren]

vun 1950 bis 1959[änneren | Quelltext änneren]

vun 1960 bis 1969[änneren | Quelltext änneren]

vun 1970 bis 1979[änneren | Quelltext änneren]

vun 1980 bis 1989[änneren | Quelltext änneren]

vun 1990 bis 1999[änneren | Quelltext änneren]

vun 2000 bis 2012[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lauren Bacall – Biller, Videoen oder Audiodateien