Mohamed Nasheed

Vu Wikipedia
Mohamed Nasheed
Gebuer 17. Mee 1967
Malé
Nationalitéit Malediven
Aktivitéit Politiker, Journalist

De Mohamed Nasheed (Dhivehi: މުހައްމަދު ނަޝީދު‎, gebuer de 17. Mee 1967, war vun 2008 bis 2012 Staatspresident vun de Maldiven.

Hien ass en Ozeanograph, B.A. a fréiere Journalist. 2008 gouf en Nofollger vum Maumoon Abdul Gayoom deen d'Land virdrun 30 Joer laang regéiert hat. Hien ass de 7. Februar 2012 no Protester vun der Populatioun an enger Meuterei bannent der Police vu sengem Amt zeréckgetrueden.[1]

International Medienopmierksamkeet krut en, wéi en am Oktober 2009 mat senge Regierungsmemberen eng Versammlung ënner Waasser, um Buedem vum Mier ofgehalen huet, fir op d'Gefor opmierksam ze maachen, déi sengem Land dreet, wann duerch déi Global Erwäermung den Niveau vum Mier klamme géif.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. [1] op Spiegel Online vum 7. Februar 2012
  2. Kabinett der Malediven tagt auf dem Meeresboden: Im Taucheranzug gegen den Klimawandel, tagesschau.de, 17. Oktober 2009