Klaus Tschütscher

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Klaus Tschütscher.

De Klaus Tschütscher, gebuer den 8. Juli 1967, ass e liechtensteinesche Jurist a Politiker.

No sengem Droits-Studium zu Sankt Gallen huet hien ë. a. am juristeschen Déngscht vun der Steierverwaltung geschafft. Hien ass Member vun der Vaterländische Union (VU). Hie war vum 25. Mäerz 2009 bis de 27. Mäerz 2013 Regierungschef vu Liechtenstein, an ausserdeem zoustänneg fir d'Ressorte Finanzen, Famill a Chancegläichheet.

Bei de Parlamentswalen 2013 huet hien net méi kandidéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • CV (PDF; 507 kB)