Albert Calmes
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Economiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Albert Calmes, gebuer de 26. Februar 1881 zu Paräis a gestuerwen den 22. September 1967 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Economist an Historiker.
Hie war ee vun den éischten, déi mat engem Doktertitel an der Economie vun der Universitéit op Lëtzebuerg heemkomm sinn. Virdrun hat hien op Unien an der Schwäiz an an Däitschland enseignéiert. Hie gouf Direkter bei der Arbed a krut den Titel Ministre plénipotentiaire honoraire.
Als Historiker huet den Albert Calmes sech besonnesch mat der Geschicht vu Lëtzebuerg am 19. Joerhonnert befaasst.
Hie war de Papp vum Christian Calmes.
Inhaltsverzeechnes |
Säi Wierk [änneren]
- Histoire contemporaine du Grand-Duché de Luxembourg a 5 Bänn:
- Bd. I - Naissance et débuts du Grand-Duché (1814-1830); Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 1971 (= nei Versioun vun engem éischte Wierk, dat 1932 zu Bréissel publizéiert gi war; erausgi vum Christian Calmes); 569 S.
- Bd. II - Le Grand-Duché de Luxembourg dans la Révolution belge (1830-1839); Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 1982 (Neioplo; 1. Oplo = Bréissel, 1939); 423 S.
- Bd. III - La restauration de Guillaume Ier, roi des Pays-Bas - L'ère Hassenpflug (1839-1840); Bréissel (L'Édition universelle) & Lëtzebuerg (Sankt-Paulus), 1947; 424 S.
- Bd. IV - La création d'un État (1841-1847); Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 1983 (Neioplo; 1. Oplo = 1954); 473 S.
- Bd. V - La Révolution de 1848 au Luxembourg; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 1982 (Neioplo; 1. Oplo = 1957); 301 S.
- N.B.: De Christian Calmes huet dës Serie méi spéit mat 4 Bänn (Bd. 7, Bd. 8, Bd. 10 a Bd. 11) fortgesat. Säi 'Bd. 12 (1815-1989)' ass eigentlech als "hors série" zë betruechten. An d'Bänn 6 a 9 sin ni geschriwwe ginn! Kuckt w.e.g. ënner Christian Calmes!
- Au fil de l'histoire (3 Bänn vum Albert Calmes; d'Serie ass duerno vum Christian Calmes fortgesat ginn) :
- Bd. I - Lëtzebuerg, Sankt-Paulus, 1968 (Neioplo 1979); 286 S.
- Bd. II - Lëtzebuerg, Sankt-Paulus, 1988 (= 3. Oplo); 305 S.
- Bd. III (mam Christian Calmes)- Lëtzebuerg, Sankt-Paulus, 1972 (= 2. Oplo); 273 S.
- Das Geldsystem des Grossherzogtums Luxemburg; Leipzig, 1907.
- La comptabilité industrielle, Payot, Paräis, 1922.
- Der Zollanschluss des Grossherzogtums Luxemburg an Deutschland; 2 Bänn, Lëtzebuerg, Drock Joseph Beffort, 1919 :
- Bd. I - Der Eintritt Luxemburgs in den Deutschen Zollverein (1839 -1842);
- Bd. II - Die Fortdauer des Anschlusses und seine Lösung (1842-1918).
Literatur [änneren]
- Jacques Maas, La révolution de 1848 n'a pas eu lieu - L'historiographie de tradition orangiste et l'oeuvre d'Albert Calmes; in: forum (Lëtzebuerg), Nr. 185 (Juli 1998), Ss. 52-53.
Unerkennung [änneren]
Nom Albert Calmes ass eng Strooss an der Stad Lëtzebuerg genannt ginn.
Gielercher [änneren]
- Grand Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1960)[1]