Georges Engel

Vu Wikipedia
Georges Engel
Gebuer 7. September 1968
Déifferdeng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP

De Georges Engel, gebuer de 7. September 1968 zu Déifferdeng,[1] ass e lëtzebuergeschen LSAP-Politiker.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Hie war vun 2005 bis den 10. Juli 2020[2] Buergermeeschter vun der Gemeng Suessem.

Den 1. Februar 2012 gouf hien als Deputéierten an der Chamber vereedegt, wou en d'Mandat vun der Lydie Err iwwerholl huet, déi Ombudsfra ginn ass.[3] Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013, deene vum 14. Oktober 2018[4] an deene vun 2023[5] gouf hien erëmgewielt.

Hie war vu Mäerz 2010[6] bis Januar 2019 Vizepresident vun der LSAP.[7]

De 5. Januar 2022 huet hien dem Dan Kersch, deen zeréckgetruede war, seng Portefeuillen als Minister fir Sport, Aarbecht, Emploi a Sozial- a solidaresch Economie an der Regierung Bettel-Lenert-Bausch iwwerholl.[8]. De 16. November 2023 war d'Mandat vun der 3er-Koalitioun eriwwer.

2023 huet hie fir d'Chamberwale kandidéiert a gouf fir d'LSAP am Bezierk Süden an d'Chamber gewielt[9].

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Laboulle, L., 2022. Klapp den Engel. Der Sozialdemokrat Georges Engel hat den langen Aufstieg vom kommunalen Oppositionsrat zum Minister ohne Abkürzungen und Umwege bewältigt. Ein Porträt. d'Lëtzebuerger Land vum 7. Januar 2022, S. 6.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Georges Engel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Interview du lundi, Versioun vum 28. Mäerz 2011, gelies op www.lequotidien.lu de 15. Dezember 2011
  2. "Georges Engel ne sera plus bourgmestre de Sanem." paperjam.lu, 22.06.2020.
  3. "Lydie Err: En emotionalen Depart aus der Chamber." RTL.lu - 01.02.2012, 07:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.02.2012, 08:03.
  4. elections.lu.
  5. elections.lu.
  6. "LSAP: Claude Haagen neie Parteipresident." rtl.lu, 30.03.2014, 18:26:15.
  7. "De Franz Fayot ass neien LSAP-President, Tom Jungen Generalsekretär ". rtl.lu, 23.01.2019, 08:25:03.
  8. "Ministerwechsel: Amtsübergabe an Yuriko Backes, Claude Haagen und Georges Engel am 5. Januar. tageblatt.lu, 30. Dez. 2021.
  9. (fr)Résultats détaillés - Sud. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 10.10.2023.
  10. Lëscht vun de Leit déi 2015 am Inneministère mat engem nationalen Uerden dekoréiert goufen publizéiert op www.tageblatt.lu
  11. (fr)Ministère d’État - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations.. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2024-02-24.