Zhang Ziyi
| Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Zhang Ziyi, op Chinesesch 章子怡 Zhāng Zǐyí, gebuer den 9. Februar 1979 zu Peking, ass eng chinesesch Schauspillerin.
Biographie [änneren]
D'Zhang Ziyi gouf als Duechter vum Zhang Yuanxiao, engem Economist, a vum Li Zhousheng, enger Spillschoulsjoffer, zu Peking gebuer an huet do hir Jugend verbruecht. Am Alter vun néng Joer huet si op Wonsch vun hiren Elteren, déi sech Suergen ëm hir Gesondheet gemaach hunn, ugefaang an Danzcoursen ze goen. Mat eelef Joer ass si op eng Sekondärsschoul gaang, déi mat der Danzakademie vu Peking verbonnen ass, a gouf intensiv am Danz ausgebilt.
Während där Zäit huet si no eegenen Angabe méi haart geschafft wéi déi meeschte Kanner a Jugendlecher. Hiren Dag huet regelméisseg um 5 Auer mat Gymnastik ugefaang a war net virun 23 Auer eriwwer. An der Schoul huet si sech net wuelgefillt, well do eng extrem wettbewerbsorientéiert Atmosphär geherrscht huet a well d'Meedercher ëm Status an d'Opmierksamkeet vun de Proffe konkurréiert hunn. Mat 13 Joer ënnert anerem dowéinst aus der Schoul fortgelaf a misst vun der Police zeréckbruecht ginn.
Obwuel d'Zhang Ziyi eng Rei Danzconcourse gewonnen huet, ass ëmmer méi däitlech ginn, datt hir Zukunft an dësem Fach net besonnesch villverspriechend ausgesi géing. Dohier ass si mat 16 op d'zentral Schauspillakademie vu Peking gewiesselt, déi se am Joer 2000 erfollegräich ofgeschloss huet.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Zhang Ziyi – Biller, Videoen oder Audiodateien |