Norah Jones

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Image:Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel entsprécht net de Wikipedia-Kritere fir en enzyklopedeschen Artikel. Dëst kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Norah Jones
Norah Jones

D'Norah Jones, gebuer den 30. Mäerz 1979 zu Brooklyn, New York; eigentlech Geetali Norah Jones Shankar, ass eng US-amerikanesch Soul- an Jazz-Sängerin, Songwriterin an Schauspillerin.

[Änneren] Liewen

D'Geetali Norah Jones Shankar gouf als Kand vum Susan Jones a vum Ravi Shankar gebuer. Hir Hallefschwester ass d'Anoushka Shankar. Mat véier Joer plënnert d'Norah mat hirer Mamm vu Brooklyn op Dallas an Texas. Zwee Joer drop fänkt si u Piano ze spillen, an och fir eng kuerz Zäit Saxophon an Trompett. Mat 15 Joer schreiwt si sech bei Booker T. Washington High for the Performing and Visual Arts an, a kritt wärend hirer Schoulzäit Präisser fir hire Gesang an hir Kompositiounen. Mat 16 ännert si mat Erlaabnis vun hirem Papp hiren Numm an Norah Jones.

1997 studéiert si op der University of North Texas Jazzpiano. Niewelaanscht séngt si an der Band Laszlo. 1999 plënnert si op New York a mécht regelméisseg Optrëtter mat der Funk-Band Wax Poetic. Duerno grënnt si hir eege Band mam Jesse Harris, dem Lee Alexander an dem Dan Rieser. Am Oktober 2000 huelen se e puer Demobänner fir Blue Note Records op, bei deenen se am Januar 2001 e Vertrag ënnerschreiwen.

D'Norah Jones huet fir dem Charles Hunter säin Album Songs from the Analog Playground zwee Lidder opgeholl: More Than This vun Roxy Music an Day is Done vum Nick Drake. 2003 krut si fir hiren vum Arif Mardin produzéierten Album Come Away With Me aacht Grammyen. Doduerch ass se engem méi breede Publikum bekannt ginn. E Joer méi spéit kënnt den Album Feels Like Home eraus.

2006 bréngt d'Norah Jones mat der Band The Little Willies den Album mat dem selwechten Numm eraus. De 26. Januar 2007 gouf de Studioalbum mam Titel Not Too Late virgestallt. Am selweschte Joer huet d'Norah Jones mat hirer Roll vum Elizabeth an My Blueberry Nights hiren Debüt als Schauspillerin gefeiert. Den US-amerikanesche Roadmovie vum Hongkonger Regisseur Wong Kar-wai huet den 16. Mee 2007 déi 60. Filmfestspiller vun Cannes ageleet.

Perséinlech Tools