Taavi Rõivas

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Taavi Rõivas (2014).

Den Taavi Rõivas, gebuer de 26. September 1979 zu Tallinn, ass en estesche Politiker (Estesch Reformpartei) an zanter dem 26. Mäerz 2014 Premierminister vun Estland.

Ier e Premierminister gouf war de Rõivas was vun 2012–2014 Minister fir Sozial Affairen.

Hie gouf 1998 Member vun der Reformpartei an huet seng politesch Carrère als Conseiller vum Justizminister Märt Rask ugefaangen (1999 bis 2002.[1] Hie war 2004-2005 Buergermeeschter vun Haabersti, engem Distrikt vun Tallinn an 2003-2004 Conseiller vum Minidster fir Bevëlkerung, Paul-Eerik Rummo. 2005 gouf e Conseiller vum Premierminister a Leader viun der Reformpartei Andrus Ansip.

2005 gouf hien an de Gemengerot vun Tallinn gewielt, an 2007 an erëm 2011 an d'estescht Parlament, de Riigikogu.

Am Dezember 2012 gouf de Rõivas Sozialminister.

Hien huet zesumme mat der Popsängerin Luisa Värk eng Duechter.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]