Niki de Saint Phalle

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Niki de Saint Phalle, 1964, fotograféiert vum Erling Mandelmann

D'Niki de Saint Phalle, gebuer ënner dem Numm Catherine Marie-Agnès Fal de Saint Phalle den 29. Oktober 1930 zu Neuilly-sur-Seine (Hauts-de-Seine, Frankräich), a gestuerwen den 21. Mee 2002 zu San Diego (Kalifornien, USA), war eng franséisch Kënschtlerin, Plasticienne, Molerin, Sculptrice a Filmregisseurin. Si ass u schläichender Vergëftung duerch toxesch Ausdonstunge vum Polyester, dem Material mat deem si haaptsächlech geschafft huet, gestuerwen.

D'Niki de Saint Phalle war um Ufank Schauspillerin a Mannequin fir d'Mouderevueen Vogue an Harper’s Bazar. Si hat keng artistesch Ausbildung. 1953 huet se no enger Depressioun als Autodidakt mat der Molerei ugefaangen: "je suis devenue artiste car il n’y avait pour moi aucune alternative. C’est la raison pour laquelle je n’ai pas été forcée à prendre une décision, ce fut mon destin".

1961 gehéiert si zu den Nouveaux réalistes, zesumme mat Leit wéi Gérard Deschamps, César, Mimmo Rotella, Christo an Yves Klein. Si war fir d'éischt mat dem amerikaneschen Schrëftsteller Harry Mathews, duerno mat dem schwäizer Kënschtler Jean Tinguely bestuet.

D'Kënschtlerin ass weltwäit bekannt wéinst hire Nanaen (Fr., pl.: Nanas = Fraleit, Mossen, Schécksen). Am Kader vun der Kulturhaaptstad Lëtzebuerg 1995 huet si d'Ausstellung Nanas organiséiert, déi vum 15. Mee bis de 15. Juli 1995 vun der "Banque générale de Luxembourg" (haut Fortis) organiséiert gouf. Virun allem während an no der Oktav huet dës Ausstellung fir hëtzeg Debatte gesuergt[1], well fir d'Schlussprëssessioun, den 21. Mee 1995 d'Statu "Clarice again", déi um Parcours vun der Prëssessioun stoung, vun den Autoritéite mat engem Duch zougehaange gi war[2]. Et ass dëst ee vun de rezenteste Fäll vun Zensur zu Lëtzebuerg.

D'Ausstellung "Nanas" mat hiren 11 Wierker uechtert d'Stad Lëtzebuerg stoung um Ufank vun enger Serie vu grousse Konschtausstellungen am ëffentleche Raum zu Lëtzebuerg [3].

D'Nana "La grande Tempérance" gouf nom Kulturjoer vun der Stad Lëtzebuerg zesumme mat der Banque générale du Luxembourg an der Lëtzebuerger Post opkaaft.[4] Si steet zanterhier um Aldringer an der Stad Lëtzebuerg.

Fotoalbum vun hire Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Niki de Saint Phalle – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Wagner, Guy, 1995. Zu einer Verhüllungsaktion: Luxemburg, europäische Stadt katholischer Zensur. kulturissimo, Tageblatt, 24.5.1995.
  2. Anscheinend well d'Vagina vun der Statu duerch eng Blumm stiliséiert duergestallt ass.
  3. La culture dans la rue ! La Ville de Luxembourg est un acteur incontournable de la politique culturelle du grand-duché. Un entretien avec la responsable politique, l'échevin Colette Flesch. Débat culturel, D'Lëtzebuerger Land, 23 février 2001.
  4. Mettler, Elisabeth, 2005. Was bleibt von „Europäischen Kulturhauptstädten“? Nachhaltige Effekte oder Strohfeuer für ein Jahr. Diplomarbeit zur Erlangung des akademischen Grades einer Magistra der Philosophie an der Geisteswissenschaftlichen Fakultät der Karl-Franzens-Universität Graz (Institut für Volkskunde/Kulturanthropologie).