Abdullah Gül

Vu Wikipedia
Abdullah Gül
Gebuer 29. Oktober 1950
Nationalitéit Tierkei
Educatioun Universitéit vu London
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Ekonomist

Den Abdullah Gül, gebuer den 29. Oktober 1950 zu Kayseri, ass en tierkesche Politiker. Hie war vun 2007 bis 2014 den 11. President vun der Tierkei.

De Gül huet op der Universitéit vun Istanbul Ekonomie studéiert. Tëscht 1983 an 1991 huet hie bei der Islamescher Entwécklungsbank geschafft. 1991 gouf en Deputéierten am Tierkesche Parlament. Do stoung hien ufanks dem Necmetin Erbakan senger islamitescher "Wuelfaartspartei" no, huet sech awer no an no vun hire fundamentalisteschen Aussoen distanzéiert.

Bei de Parlamentswale vun 2002 gouf d'AKP, déi Partei, wou de Gül Member ass, mat 363 vu 550 Sëtz stäerkst Partei. Hie gouf Iwwergankspremier, huet awer wéinst enger Verurteelung de 14. Mäerz 2003 dem Recep Tayyip Erdoğan misse Plaz maachen. De Gül gouf Ausseminister a Vizepremier.

De 24. Abrëll 2007 gouf de Gül vun der AKP als Kandidat fir d'Presidentschaftswale virgeschloen. Mä den éischten Tour vun de Walen am Parlament gouf fir ongëlteg erkläert, well net genuch Deputéiert do waren. Parallel dozou koum et zu Kontroversen, well dem Gül seng Fra an der Ëffentlechkeet e Foulard dréit, an dem Gül seng Géigner dat als e Verstouss vum Prinzip vun der Laizitéit gesinn.

Et koum zu virgezunnene Parlamentswalen, bei deenen d'AKP gestäerkt erausgoung. Bei enger neier Wal vum President gouf den Abdullah Gül am drëtten Tour (bei deenen éischten 2 Tier ginn zwee Drëttel vun der absolutter Zuel vun den Deputéierte gebraucht, beim 3. just eng einfach Majoritéit) zum President gewielt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Abdullah Gül – Biller, Videoen oder Audiodateien