Recep Tayyip Erdoğan

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Recep Tayyip Erdoğan (2010).

De Recep Tayyip Erdoğan gebuer de 26. Februar 1954 zu Istanbul, ass en tierkesche Politiker.

Hie war vun 1994-1998 Buergermeeschter vun Istanbul a vun 2001 bis 2014 den éischte President vun der Partei fir Gerechtegkeet an Entwécklung (AKP).

De 14. Mäerz 2003 gouf hien zum Premierminister vun der Tierkei ernannt a blouf dat bis 2014, wéi en, den 10. August, d'Walen zum Staatspresident gewonnen huet.