Erich Honecker
| Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Erich Honecker, gebuer de 25. August 1912 zu Neunkirchen (Saar), a gestuerwen den 29. Mee 1994 zu Santiago de Chile, war en däitsche kommunistesche Politiker a spéidere Generalsekretär vum Zentralkomitee (ZK) vun der Sozialistischen Einheitspartei Deutschlands (SED) a Staatsratsvorsitzender an der Däitscher Demokratescher Republik (DDR).
Hien ass 1930 der Kommunischter Partei Deutschlands (KPD) bäigetrueden, wou en haaptamtleche Funktionär gouf an mat där Partei géint de Faschismus gekämpft huet. 1935 gouf hie vun der Gestapo verhaft an zu 10 Joer Zuchthaus veruerteelt.
Nom Krich huet hien an der DDR d'FDJ, d'Jugendorganisatioun vun der SED, geleet a war a senger deemoleger Funktioun als Sécherheetssekretär vum ZK ee vun den Haaptorganisatore vum Bau vun der Berliner Mauer a soumat och responsabel fir de Schéissbefehl un der bannerdäitscher Grenz.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Erich Honecker – Biller, Videoen oder Audiodateien |