Stephen Harper
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Stephen Joseph Harper, gebuer den 30. Abrëll 1959 zu Toronto (Ontario) ass e kanadesche Politiker. Zënter dem 6. Februar 2006 ass hien den 22. Premierminister vu Kanada.
Den Harper war Grënnungsmember vun der Reformpartei vu Kanada. Vun 1993 u war en Deputéierte vun der Circonscriptioun Calgary West am House of Commons. 1997 ass hie wéinst Meenugsverschiddenheeten aus aus der Reformpartei ausgetrueden an huet säin Deputéiertemandat opginn 5 Joer drop gouf e President vun der Kanadeschet Allianz an ass zënterhier Deputéierte vum Waldistrikt Calgary Southwest. 2003 huet e seng Partei mat der Progressiv-konservativer Partei vu Kanada zu der Konservativer Partei Kanada fusionnéiert a gouf 2004zu hirem President gewielt.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Stephen Harper – Biller, Videoen oder Audiodateien |