Charly Gaul
De Charly Gaul, gebuer den 8. Dezember 1932 am Pafendall a gestuerwen de 6. Dezember 2005, war e lëtzebuergesche Vëlossportler. Hien huet 1958 den Tour de France gewonnen.
De Charly Gaul war e Biergspezialist a gouf dofir um Héichpunkt vu senger Carrière, déi vun 1953 bis 1965 gedauert huet, "Engel vun de Bierger" genannt.
Niewent senger Victoire am Tour de France 1958 ass de Gaul 1955 an 1961 Drëtten an dëser Course ginn. 1955 a 1956 huet hien och den Tricot vum beschte Biergcoureur gewonnen. 1956 an 1959 huet en den Giro d'Italia gewonnen. Am Ganzen huet hie beim Tour de France 10 Mol a beim Giro 11 Mol eng Etapp gewonnen.
Fir un hien z'erënneren, gouf zu Esch-Uelzecht eng Strooss op säin Numm gedeeft.
(Koordinaten:
49° 30’ 22’’ N 05° 59’ 12’’ O)
Den 31. Mee 2011 gouf eng Erënnerungsplack fir de Charly Gaul, e Wierk vun der Yvette Gastauer-Claire, am Parc municipal an der Stad Lëtzebuerg ageweit.
Inhaltsverzeechnes |
Spëtznimm [änneren]
- Ange de la Montagne
- Monsieur Pipi dëse Spëtznumm krut e well en am Giro 1957, op engem schlechten Dag dacks huet misse vum Vëlo klammen, fir op d'Säit ze trieden, an de Bobet an de Géminiani hien attackéiert hunn. Deen Dag huet en och de rosaen Trikot verluer.
Palmarès [änneren]
1950 [änneren]
- 1. am Grand Prix Général Patton (Amateur)
1951 [änneren]
- 1. am Grand Prix Général Patton (Amateur)
- 1. an der Flèche du Sud
1952 [änneren]
- 2. an der Flèche du Sud
1953 [änneren]
- 1. an der Flèche du Sud
- 2. am Critérium du Dauphiné Libéré
- 3. am Tour de Luxembourg
- 8. an der Polymultipliée
1954 [änneren]
- Landesmeeschter am Cyclo-Cross
- 1. am Circuit des Six Provinces
- 5. an der Polymultipliée
1955 [änneren]
- 1. Tour des Provinces du Sud-Est
- 3. am Tour de France 1955
- 6. an der Polymultipliée
1956 [änneren]
- 1. am Giro d'Italia 1956 an 1. am Biergpräis.
- 1. an der 7. Etapp vu Pescara op Campobasso
- 1. an der 14. Etapp vu Bologna op San Luca
- 1. an der 19. Etapp vu Meran op de Monte Bondone.
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss a Form vun engem Zäitfueren (Kategorie Professionnel)
- 1. am Tour de Luxembourg
- 6. am Giro dell'Emilia (249,5 km)
- 5. an der Cyclo-Cross Weltmeeschterschaft am Bambësch
1957 [änneren]
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Professionnel)
1958 [änneren]
- 1. am Tour de France 1958 (2. am Biergpräis)
- 1. an der 8. Etapp um Circuit zu Châteaulin, Eenzelzäitfueren (46 km)
- 10. an der 14. Etapp vu Pau op Luchon (129 km)
- 1. an der 18. Etapp op de Mont Ventoux, Eenzelzäitfueren (21,5 km)
- 8. an der 20. Etapp vu Gap op Briançon (165 km)
- 1. an der 21. Etapp vu Briançon op Aix-les-Bains (219 km)
- 1. an der 23. Etapp vu Briançon op Dijon, Eenzelzäitfueren (74 km)
- 3. am Giro d'Italia 1958
- 1. an der 14. Etapp vu San-Marino op San-Marino.
- 8. am Tour de Luxembourg
- 10. an der Flèche Wallonne
1959 [änneren]
- 1. am Giro d'Italia
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Professionnel)
- 1. am Tour de Luxembourg
1960 [änneren]
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Professionnel)
1961 [änneren]
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Professionnel)
- 1. am Tour de Luxembourg
1962 [änneren]
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Professionnel)
- Landesmeeschter am Cyclo-Cross
Gielercher [änneren]
De Charly Gaul gouf véiermol zum lëtzebuergesche Sportler vum Joer gewielt, an 1999 zum "Sportler vum Joerhonnert".
Literatur zum Thema [änneren]
- Frank Wilhelm (alias François Guillaume), 2008. Charly Gaul. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 133-138. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg.
- Roland Barthes: Le Tour de France comme épopée. In: Mythologies. Paris: Éditions du Seuil, 1957, pp. 110–121.
- Christian Laborde: L'ange qui aimait la pluie. Paris: Éditions Albin Michel, 1994. ISBN 2-226-06977-1
- François Mersch: Bergauf, bergab mit Charly Gaul. Luxemburg: Editioun François Mersch, 1959. 241 Säiten.
- Gast Zangerlé: Charly Gaul, l'Ange de la Montagne et son époque, Éditions Saint-Paul, 1998 (Versioun op däitsch: Charly Gaul, Der Engel der Berge und seine Zeit)
- Gast Zangerlé: La saga Charly Gaul, Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg, 2006, ISBN 2-87963-598-5. (Versioun op däitsch: Der Mythos Charly Gaul, ISBN 2-87963-597-7).
Kuckt och [änneren]
Portal Sport- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympioniken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
- Äerzengel (Archange), Film iwwer de Charly Gaul
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Charly Gaul – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Virdrun | Duerno | |
| 1954 - 1955 - 1956 | Josy Stoffel | |
| Josy Stoffel | 1958 | Jean Link |
1922 François Heck | 1923, 1924, 1925, 1926, 1927, 1928, 1929, 1930, 1931, 1932, 1933, 1934 Nicolas Frantz | 1935, 1939 Arsène Mersch | 1936 Emile Bewing | 1937 Pierre Clemens | 1938, 1948 Mett Clemens | 1940 Lucien Bidinger | 1945 Joseph Bintener | 1946, 1951 Jeng Kirchen | 1947, 1950 Jean Goldschmit | 1949 Willy Kemp | 1952 Johny Goedert | 1953, 1954, 1955 Marcel Ernzer | 1956, 1957, 1959, 1960, 1961, 1962 Charly Gaul | 1963, 1964 Roger Thull | 1965, 1973 Johny Schleck | 1966, 1967, 1968, 1969, 1970, 1971 Edy Schütz | 1972, 1974, 1975, 1976 Roger Gilson | 1977, 1978, 1979, 1980 Lucien Didier | 1981, 1982, 1983 Eugène Urbany | 1984, 1985 Claude Michely | 1986, 1987, 1988 Enzo Mezzapesa | 1989 Pascal Triebel | 1990 Pascal Kohlvelter | 1997 Daniel Bintz | 1998 Tom Flammang | 1999, 2004, 2006 Kim Kirchen | 2000, 2003, 2007 Benoît Joachim | 2001, 2002 Christian Poos | 2005, 2008, 2010, 2011 Fränk Schleck | 2009 Andy Schleck
1903 Maurice Garin | 1904 Henri Cornet | 1905 Louis Trousselier | 1906 René Pottier | 1907, 1908 Lucien Petit-Breton | 1909 François Faber | 1910 Octave Lapize | 1911 Gustave Garrigou | 1912 Odile Defraye | 1913, 1914, 1920 Philippe Thys | 1919, 1922 Firmin Lambot | 1921 Léon Scieur | 1923 Henri Pélissier | 1924, 1925 Ottavio Bottecchia | 1926 Lucien Buysse | 1927, 1928 Nicolas Frantz | 1929 Maurice Dewaele | 1930, 1932 André Leducq | 1931, 1934 Antonin Magne | 1933 Georges Speicher | 1935 Romain Maes | 1936, 1939 Sylvère Maes | 1937 Roger Lapébie | 1938, 1948 Gino Bartali | 1947 Jean Robic | 1949, 1952 Fausto Coppi | 1950 Ferdi Kübler | 1951 Hugo Koblet | 1953–1955 Louison Bobet | 1956 Roger Walkowiak | 1957, 1961–1964 Jacques Anquetil | 1958 Charly Gaul | 1959 Federico Bahamontes | 1960 Gastone Nencini | 1965 Felice Gimondi | 1966 Lucien Aimar | 1967 Roger Pingeon | 1968 Jan Janssen | 1969–1972, 1974 Eddy Merckx | 1973 Luis Ocaña | 1975, 1977 Bernard Thévenet | 1976 Lucien Van Impe | 1978, 1979, 1981, 1982, 1985 Bernard Hinault | 1980 Joop Zoetemelk | 1983, 1984 Laurent Fignon | 1986, 1989, 1990 Greg LeMond | 1987 Stephen Roche | 1988 Pedro Delgado | 1991–1995 Miguel Indurain | 1996 Bjarne Riis | 1997 Jan Ullrich | 1998 Marco Pantani | 1999–2005 Lance Armstrong | 2006 Óscar Pereiro | 2007 Alberto Contador | 2008 Carlos Sastre | 2009 Alberto Contador | 2010 Andy Schleck | 2011 Cadel Evans
- Gewënner vum Giro d'Italia
- Gewënner vum Tour de France
- Etappegewënner am Tour de France
- Etappegewënner am Giro d'Italia
- Lëtzebuergesch Vëlossportler
- Lëtzebuergesch Landesmeeschteren am Cyclo-Cross
- Lëtzebuergesch Landesmeeschteren am Vëlossport op der Strooss
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
- Gebuer 1932
- Gestuerwen 2005