Fränk Schleck

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
National Meeschterschaft 2007: De Fränk Schleck uewen um Keeler Poteau
De Fränk Schleck (l.) mat engem jonke Fan

De Fränk Schleck, gebuer de 15. Abrëll 1980 zu Lëtzebuerg, Jong vum Johny Schleck a Brudder vum Andy Schleck, ass e lëtzebuergesche Vëlosportler.

De 16. Abrëll 2006 huet de Fränk Schleck als éischte Lëtzebuerger den Amstel Gold Race gewonnen.

Den 18. Juli 2006, 40 Joer nodeems den Edy Schütz d'Alpenetapp Ivrea - Chamonix gewonnen hat, huet de Fränk Schleck d'Kinneksetapp vum Tour vu Gap op L'Alpe d'Huez gewonnen.

Am Tour de Suisse 2007 huet de Fränk Schleck den 19. Juni d'Biergetapp vun Nauders (A) op Triesenberg-Malbun (FL) gewonnen. Eng 7 km virun der Arrivée, an der Montée am Bierg fir op Malbun, hat de Fränk Schleck déi décisiv Attaque gemaach a konnt sech definitiv vum Spëtzegrupp léisen. Op der Arrivée hat hien e Virsprong vun 32 Sekonnen op den zweetplacéierte Vladimir Efemkin. Nom Marcel Ernzer am Joer 1955, dee sech an der Etapp vu Bad Ragaz op Luzern duerchgesat hat, gëtt domat no 52 Joer erëm eng Etapp vun engem lëtzebuergesche Coureur am Tour de Suisse gewonnen.

2009 huet de Fränk Schleck als éischte Lëtzebuerger nom Lucien Didier am Joer 1983 den Tour de Luxembourg gewonnen.

2010 huet hie fir déi zweete Kéier a senger Carrière eng Etapp an der Tour de Suisse gewonnen, an zwar déi 3. Etapp vu Sierre op Schwarzenburg. Zum Schluss stoung hien dunn och ganz uewen um Podium an huet als éischte Lëtzebuerger den Tour de Suisse gewonnen.

Zënter der Saison 2011 fiert de Fränk Schleck, wéi och säi Brudder Andy, an dem neigegrënnten Team Leopard Trek (Enn 2011 ëmbenannt a RadioShack-Nissan-Trek).

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Palmarès

[änneren] 2000

[änneren] 2001

[änneren] 2002

[änneren] 2003

[änneren] 2004 (Team C.S.C.)

[änneren] 2005 (Team C.S.C.)

[änneren] 2006 (Team C.S.C.)

[änneren] 2007 (Team C.S.C.)

[änneren] 2008 (Team C.S.C.)

[änneren] 2009

[änneren] 2010

[änneren] 2011

Virdrun Olympic rings.svg  Sportler vum Joer  Olympic rings.svg Duerno
Kim Kirchen 2006 Kim Kirchen

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck


Commons: Fränk Schleck – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen