Super Besse

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Super Besse
Land Flag of France.svg Frankräich
Regioun Blason de l'Auvergne.svg Auvergne
Departement Blason département fr Puy-de-Dôme.svg Puy-de-Dôme
Arrondissement Issoire
Kanton Besse-et-Saint-Anastaise
Gemeng Besse-et-Saint-Anastaise
Koordinaten 45° 30' 38" N
02° 51' 24" O

Super Besse ass eng Wantersportstatioun am Massif Central.

Si läit um Territoire vun der Gemeng Besse-en-Chandesse, matzen am Parc régional des Volcans d'Auvergne am Departement Puy de Dôme, an der Auvergne.

Ongeféier 50 km vu Clermont-Ferrand ewech läit se op enger Héicht vun 1.350 Meter op den Häng vum Puy de Sancy, dem Puy de la perdrix an dem Puy Ferrand.

Si huet en Uschloss un d'Schipiste vum Mont-Dore, deen awer, wéinst dem raue Klima, net ëmmer garantéiert ass.

Pisten an Equippementer[änneren | Quelltext änneren]

Fir den Alpine Schi gëtt et 43 km Pisten tëscht 1.300 an 1.840 Meter Héicht, déi op 27 verschidde Piste verdeelt sinn.

Als Transportmëttele stinn zur Verfügung:

  • 01 Funitel mat 20 Plazen
  • 02 Sessellifter mat 4 Plaze pro Bänk
  • 02 Sessellifter mat 2 Plaze pro Bänk
  • 16 Schilifter
  • 01 Schleefseel

Fir de Laanglaf gëtt et 125 km Pisten.

Super Besse am Sport[änneren | Quelltext änneren]

Vëlossport

Autossport

Super Besse um Hank vum Puy de Sancy

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Super Besse – Biller, Videoen oder Audiodateien