Puy de Sancy

Vu Wikipedia

De Puy de Cancy ass en ale Vulkan am Biergmassiv vun de Monts Dore, am Departement Puy-de-Dôme (Frankräich).

Vue vun der Spëtz vum Puy Montchal op d'Südsäit vum Puy de Sancy an op d'Skistatioun Super-Besse

Mat enger Héicht vun 1.885 Meter ass de Puy de Sancy déi héchst Spëtz am Massif central. E gehéiert zu de Strato-Vulkaner, huet sech am Tertiär entwéckelt an ass zanter 220.000 Joer net méi aktiv.

Véier Däller lafe vum Puy de Sancy aus:

  • Chaudeffour (nord-ëstlech)
  • Fontaine salée (westlech)
  • Dordogne (nërdlech)
  • Biche (südlech)

Um Fouss ass d'Quell vun der Dore a vun der Dogne, déi nodeem se zesummegelaf sinn d'Dordogne forméieren.

Et gëtt zwou Skistatiounen:

Vun der Stad Mont Dore féiert eng Strooss op de Bierg. Duerno geet et entweeder zu Fouss (eng Stonn) oder mat der Seelbunn (3 Minutten). Op d'Spëtz selwer féiert eng "Trap" (20 Minutten).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vun de Vulkaner

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Puy de Sancy – Biller, Videoen oder Audiodateien