Tung-Wen Margue

Vu Wikipedia
Tung-Wen Margue
Gebuer 16. Abrëll 1959
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur

Den Tung-Wen Margue, gebuer de 16. Abrëll 1959 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Moler a Sculpteur. Hien ass gebiertege Lëtzebuerger mat chineesesche Wuerzelen (seng Mamm ass Chinesin).

Vun 1977 bis 1980 war hien op der École Nationale des Beaux-Arts zu Nanzeg. Duerno huet hie bis 1986 op der École Nationale Supérieure des Beaux-Arts zu Paräis studéiert. 1987 huet e säi Studium op der Paräisser Sorbonne mat enger Maîtrise d'arts plastiques ofgeschloss.

Den Tung-Wen Margue wunnt a schafft zu Beaugency an zu Lëtzebuerg.

Präisser[änneren | Quelltext änneren]

Eenzel-Ausstellungen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Den Tung-Wen Margue zesumme mam Kënschtler a Literaturnobelpräisdréier Gao Xingjian.
  • 1984, Galerie Saint-Michel, Stad Lëtzebuerg
  • 1985, Art Gallery, Stad Lëtzebuerg
  • 1988, Ambassade vu Lëtzebuerg, Wien
  • 1989, Galerie Interférences, Stad Lëtzebuerg
  • 1990, Galerie Mirabell, Salzburg
  • 1992, Galerie Point Rouge, Paräis
  • 1993,95,97,99, Galerie Schweitzer, Stad Lëtzebuerg
  • 1994, Centre Culturel Français, Stad Lëtzebuerg
  • 1997, Galerie Espace Ecureuil, Niort (F)
  • 1998, Galerie de l'Europe, Paräis
  • 1999, Le Vent d'Ocre, Paräis
  • 2000, La collégiale Saint-Pierre-le-Puellier, Orléans (F)
  • 2000, Galerie Ovadia, Nanzeg (F)
  • 2000, Kierch vu Mont-Saint-Martin, Longwy (F)
  • 2001, Chiesa di San Francesco, Manduria (IT)
  • 2001, Schlass vu Stadbriedemes
  • 2001, Galerie Junge Kunst, Tréier
  • 2002, Kahnweiler-Haus, Rockenhausen (D)
  • 2002, Galerie Lucien Schweitzer, Stad Lëtzebuerg
  • 2004, Galeria Villalba, Barcelona (E)
  • 2004, Galerie an der Techneschen Universitéit Kaiserslautern
  • 2004, Galerie du Théâtre, Esch-Uelzecht
  • 2005, Ambassade vu Lëtzebuerg, Paräis
  • 2005, Imagine Gallery & Pickled Art Center, Beijing (CN)
  • 2005, Ambassade vu Lëtzebuerg, Beijing (CN)
  • 2006, Eglise Saint-Etienne, Beaugency (F)
  • 2006, Galerie Clairefontaine, Stad Lëtzebuerg
  • 2007, Maison de Luxembourg, Bréissel
  • 2007, Musée Nakamachi, Kijimadaira (Japan)
  • 2007, Ambassade vu Lëtzebuerg, Tokio
  • 2007, Galerie Christine Phal, Paräis
  • 2012, Drift, Galerie Clairefontaine, Stad Lëtzebuerg
  • 2012, Onsen, Galerie Petra Lange, Berlin
  • 2013, Galerie Synthèse, Bréissel

Gruppen-Ausstellungen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tung-Wen Margue – Biller, Videoen oder Audiodateien