Eurovision Song Contest 1959

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
4. Eurovision Song Contest
Datum 11. Mäerz 1959
Stad Cannes (Frankräich)
Gebai Palais des Festivals
Gewënner Teddy Scholten (Holland)
Zuel vu Länner 11
Nei Participatiounen Monaco
Moderatioun Jacqueline Joubert
Interval Act Franck Pourcel Orchester
Ofstëmmungsregelung A jiddwer Land souzen zéng Jurymemberen. Jiddwer Member huet mat engem Punkt fir een Titel ofgestëmmt.
D'Teddy Scholten, 1978

De 4. Eurovision Song Contest (offiziell de Grand Prix Eurovision de la Chanson Européenne), war den 11. Mäerz 1959 a Frankräich. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Palais des Festivals zu Cannes. Presantatrice war d'Jacqueline Joubert.

Eng nei Natioun, Monaco, war dobäikomm. Groussbritannien huet dat Joer och nees matgemaach, Lëtzebuerg huet awer eng Paus ageluecht. D'Zuel vun de Länner ass dofir op 11 eropgaangen.

De Vertrieder vun Italien, den Domenico Modugno, war och dat Joer virdru schonn dobäi.

Als nei Regel fir ofzestëmme koum dobäi datt an den nationale Jurye keng Museksexperte méi erlaabt waren. Et gouf awer ofgestëmmt wéi dat Joer virdrun: An all Land souzen 10 Jurysmemberen, déi jeeweils eng Stëmm ze verginn haten. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op Cannes iwwermëttelt.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vun Holland, d'Teddy Scholten mat 5 Punkte Virsprong virum Pearl Carr an Teddy Johnson (Groussbritannien). Déi drëtt Plaz krut de Jean Philippe, dee fir Frankräich ugetruede war.

Klassement[änneren | Quelltext änneren]

Plaz Land Interpret Titel Punkten
1. Holland Teddy Scholten Een beetje 21
2. Groussbritannien Pearl Carr & Teddy Johnson Sing little birdie 16
3. Frankräich Jean Philippe Oui, oui, oui, oui 15
4. Schwäiz Christa Williams Irgendwoher 14
5. Dänemark Birthe Wilke Uh, jeg ville ønske jeg var dig 12
6. Italien Domenico Modugno Piove 9
6. Belsch Bob Benny Hou toch van mij 9
8. Däitschland Alice & Ellen Kessler Heute Abend woll'n wir tanzen gehen 5
9. Schweden Brita Borg Heel de wereld 4
9. Éisträich Ferry Graf Der k. und k. Kalypso aus Wien 4
11. Monaco Jacques Pills Mon ami Pierrot 1

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Hilversum (Holland) Esc-wäiss1.png London (Groussbritannien)
ESC 1958 Eurovision Song Contest ESC 1960