Eurovision Song Contest 1974
| 19. Eurovision Song Contest | |
|---|---|
| Datum | 6. Abrëll 1974 |
| Stad | Brighton (Groussbritannien) |
| Gebai | The Dome |
| Gewënner | ABBA (Schweden) |
| Zuel vu Länner | 17 |
| Nei Participatiounen | Griicheland |
| Moderatioun | Katie Boyle |
| Interval Act | The Wombles |
| Ofstëmmungsregelung | A jiddwer Land souzen zéng Jurymemberen. Jiddwer Member huet mat engem Punkt fir een Titel ofgestëmmt. |
Den 19. Eurovision Song Contest war de 6. Abrëll 1974 a Groussbritannien. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Dome zu Brighton well Lëtzebuerg d'Organisatioun vum Grand Prix net fir d'zweete Kéier noenee wollt iwwerhuelen. Presantatrice war scho fir d'véierte Kéier d'Katie Boyle.
Als neit Land ass Griicheland dobäi komm. Malta huet sech aus onbekannter Ursaach vum Grand Prix an deem Joer zréck gezunn obwuel schonn e Vertrieder nominéiert war. Frankräich huet sech och 1 Woch virum Grand Prix zréck gezunn well de franséische President Georges Pompidou gestuerwe war an deeselwechten Dag sollt begruewe ginn wou de Grand Prix sollt sinn.
Verschidde Sänger ware scho virdrun mol eng Kéier dobäi, d'Gigliola Cinquetti fir Italien 1964, de Romuald fir Monaco 1964 a fir Lëtzebuerg 1969 an d' Bendik Singers fir Norwegen 1973.
D'Regel fir d'Ofstëmmung ass nees geännert ginn an zwar esou wéi et fréier schonn emol war: An all Land souzen 10 Jurysmemberen, déi jiddereen eng Stëmm ze verginn haten. D'Jury konnt esou am ganze maximal 10 Punkte verginn fir dat beschte Lidd. Nei dru war awer dat d'Reiefolleg, no där d'Resultater sollte kommunikéiert ginn, per Lous ausgewielt gouf.
Déi éischt Plaz kruten d'Vertrieder vu Schweden, d'Grupp ABBA mat 6 Punkte Virsprong virum Gigliola Cinquetti (Italien). Déi drëtt Plaz kruten Mouth and MacNeal, déi fir Holland ugetruede waren.
Fir Schweden war et déi éischt Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat. D'Gewënnerlidd Waterloo ass e grousse Succès a ganz Europa ginn an d'Grupp ABBA huet sech zu Superstaren entweckelt.
Dräi Wochen nom Grand Prix, de 25. Abrëll 1974, ass de portugisesche Bäitrag E depois do adeus zum symbolesche Lidd vun der Oeilletsrevolutioun a Portugal ginn.
Plazéierungen [änneren]
| Plaz | Land | Interpret | Titel | Punkten |
|---|---|---|---|---|
| 1. | Schweden | ABBA | Waterloo | 24 |
| 2. | Italien | Gigliola Cinquetti | Si | 18 |
| 3. | Holland | Mouth and MacNeal | I See a Star | 15 |
| 4. | Groussbritannien | Olivia Newton-John | Long Live Love | 14 |
| 4. | Lëtzebuerg | Ireen Sheer | Bye Bye I Love You | 14 |
| 4. | Monaco | Romuald | Celui qui reste et celui qui s’en va | 14 |
| 7. | Israel | Kaveret | Natati la khayay | 11 |
| 7. | Irland | Tina Reynolds | Cross Your Heart | 11 |
| 9. | Spuenien | Peret | Canta y sé feliz | 10 |
| 9. | Belsch | Jacques Hustin | Fleur de liberté | 10 |
| 11. | Griicheland | Marinella | Krasi, thalasa kai t’agori mou | 7 |
| 12. | Jugoslawien | Korni grupa | 'Generacija '42 | 6 |
| 13. | Finnland | Carita | Keep Me Warm | 4 |
| 14. | Norwegen | Anne-Karine Strøm feat. Bendik Singers | The First Day of Love | 3 |
| 14. | Däitschland | Cindy und Bert | Die Sommermelodie | 3 |
| 14. | Schwäiz | Piera Martell | Mein Ruf nach dir | 3 |
| 14. | Portugal | Paulo de Carvalho | E depois do adeus' | 3 |
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Eurovision Song Contest 1974 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Lëtzebuerg (Lëtzebuerg) | Stockholm (Schweden) | |
|---|---|---|
| ESC 1973 | Eurovision Song Contest | ESC 1975 |