Eurovision Song Contest 2013

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Eurovision Song Contest 2013.jpg
58. Eurovision Song Contest
Motto We Are One
Datum 14., 16. an 18. Mee 2013
Stad Malmö (Schweden)
Gebai Malmö Arena
Gewënner Emmelie de Forest Dänemark
Zuel vu Länner 39
Moderatioun Petra Mede
Interval Act Finall: Carola Häggkvist (Fångad av en stormvind), Loreen (We Got The Power), Sarah Dawn Finer (The Winner Takes It All)
Ofstëmmungsregelung All Land verdeelt, baséirend op jee 50 % Jury- an Televoting, 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder.
Malmö Arena
D'Petra Mede, Presentatrice vum ESC

Den 58. Eurovision Song Contest hat seng zwou Halleffinallen de 14. a 16. Mee, a seng Finall den 18. Mee 2013 an der Malmö Arena an der schwedescher Stad Malmö. Déi Hal ka bis 15.500 Zuschauer ophuelen. Eenzeg Presentatrice fir déi dräi Deeler vum Concours war d'Petra Mede.

Lëtzebuerg huet scho wéi déi 19 Joer virdru fräiwëlleg net matgemaach. Och Andorra, Polen, Tschechien, Monaco, Bosnien an Herzegowina, Portugal, d'Slowakei an d'Tierkei hu fräiwëlleg net matgemaach. Am Ganze waren 39 Länner dobäi.

Zanter 2008 gëtt et e puer Deeg virun der Finall zwou Halleffinallen, aus deenen déi zéng éischtplacéiert d'Finall erreechen. Sechs weider Länner si scho fir d'Finall qualifizéiert gewiescht: déi Grouss Fënnef (Big-5) vun der European Broadcasting Union (Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien a Spuenien) an och d'Land dat d'Organisatioun iwwerholl huet, déi Kéier Schweden.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vun Dänemark, d'Emmelie de Forest mam Lidd Only Teardrops mat 47 Punkte Virsprong virum Farid Mammadov (Aserbaidschan). Déi drëtt Plaz krut d'Zlata Ohnewitsch, déi fir d'Ukrain ugetruede war.

Fir Dänemark war et déi drëtt Kéier no 1963 an 2000, datt et de Grand Prix gewonnen hat.

Halleffinallen[änneren | Quelltext änneren]

1. Halleffinall[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Halleffinall war de 14. Mee 2013.

Déi genee Punkteverdeelung ass eréischt no der Finall bekannt gemaach ginn fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden. Ofstëmmungsberechtegt bei där Halleffinall waren d'Länner déi matgemaach hunn an zousätzlech Groussbritannien, Italien a Schweden.

Startnr. Land Interpret Titel Plaz Punkten
01 Éisträich Natália Kelly Shine 14. 27
02 Estland Birgit Õigemeel Et uus saaks alguse 10. 52
03 Slowenien Hannah Mancini Straight into Love 16. 8
04 Kroatien Klapa s mora Mižerja 13. 38
05 Dänemark Emmelie de Forest Only Teardrops 01. 167
06 Russland Dina Garipowa What If 02. 156
07 Ukrain Zlata Ohnewitsch Gravity 03. 140
08 Holland Anouk Birds 06. 75
09 Montenegro Who See & Nina Žižić Igranka 12. 41
10 Litauen Andrius Pojavis Something 09. 53
11 Wäissrussland Aljona Lanskaja Solayoh 07. 64
12 Moldawien Aliona Moon O mie 04. 95
13 Irland Ryan Dolan Only Love Survives 08. 54
14 Zypern Despina Olympiou An me thymasai 15. 11
15 Belsch Roberto Bellarosa Love Kills 05. 75
16 Serbien Moje 3 Ljubav je svuda 11. 46

2. Halleffinall[änneren | Quelltext änneren]

Déi zweet Halleffinall war de 16. Mee 2013.

Déi genee Punkteverdeelung gouf eréischt no der Finall bekannt gemaach fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden. Ofstëmmungsberechtegt bei där Halleffinall waren d'Länner déi matgemaach hunn an zousätzlech Frankräich, Däitschland a Spuenien.

Startnr. Land Interpret Titel Plaz Punkten
01 Lettland PeR Here we go 17. 13
02 San Marino Valentina Monetta Crisalide (Vola) 11. 47
03 Mazedonien Esma Redžepova & Vlatko Lozanoski Pred da se razdeni 16. 28
04 Aserbaidschan Farid Mammadov Hold Me 01. 139
05 Finnland Krista Siegfrids Marry Me 09. 64
06 Malta Gianluca Bezzina Tomorrow 04. 118
07 Bulgarien Elitsa & Stoyan Samo Shampioni 12. 45
08 Island Eyþór Ingi Gunnlaugsson Ég á líf 06. 72
09 Griicheland Koza Mostra feat. Agathonas Iakovidis Alcohol Is Free 02. 121
10 Israel Moran Mazor Rak bishvilo 14. 40
11 Armenien Gor Sujyan Lonely Planet 07. 69
12 Ungarn ByeAlex Kedvesem 08. 66
13 Norwegen Margaret Berger I Feed You My Love 03. 120
14 Albanien Adrian Lulgjuraj & Bledar Sejko Identitet 15. 31
15 Georgien Sopo Gelowani & Nodiko Tatischwili Waterfall 10. 63
16 Schwäiz Takasa You and Me 13. 41
17 Rumänien Cezar It's My Life 05. 83

Finall[änneren | Quelltext änneren]

D'Finall war den 18. Mee 2013.

Déi 26 Länner an der Finall waren:

  • Déi "Grouss 5" (Big-5) Frankräich, Däitschland, Spuenien, Italien a Grousbritannien
  • D'Gaaschtland, Schweden
  • Déi bescht 10 Länner aus der éischter Halleffinall
  • Déi bescht 10 Länner aus der zweeter Halleffinall

Am Fall vu Punktegläichheet sollt dee mat der héchster Eenzelwäertung gewannen. Ofstëmmungsberechtegt bei der Finall waren all 39 Länner déi matgemaach haten.

Verschidde Medien hunn Dänemark an d'Ukrain mat beschte Chancë gesinn fir ze gewannen.

Plaz Startnr. Land Interpret Titel Punkten
23. 01 Flag of France.svg Frankräich Amandine Bourgeois L'enfer et moi 14
22. 02 Flag of Lithuania.svg Litauen Andrius Pojavis Something 17
11. 03 Flag of Moldova.svg Moldawien Aliona Moon O mie 71
24. 04 Flag of Finland.svg Finnland Krista Siegfrids Marry Me 13
25. 05 Flag of Spain.svg Spuenien El Sueño de Morfeo Contigo hasta el final 8
12. 06 Flag of Belgium (civil).svg Belsch Roberto Bellarosa Love Kills 71
20. 07 Flag of Estonia.svg Estland Birgit Õigemeel Et uus saaks alguse 19
16. 08 Flag of Belarus.svg Wäissrussland Aljona Lanskaja Solayoh 48
08. 09 Flag of Malta.svg Malta Gianluca Bezzina Tomorrow 120
05. 010 Flag of Russia.svg Russland Dina Garipowa What If 174
21. 011 Flag of Germany.svg Däitschland Cascada Glorious 18
18. 012 Flag of Armenia.svg Armenien Gor Sujyan Lonely Planet 41
09. 013 Flag of the Netherlands.svg Holland Anouk Birds 114
13. 014 Flag of Romania.svg Rumänien Cezar It's My Life 65
19. 015 Flag of the United Kingdom.svg Groussbritannien Bonnie Tyler Believe In Me 23
14. 016 Flag of Sweden.svg Schweden Robin Stjernberg You 62
10. 017 Flag of Hungary.svg Ungarn ByeAlex Kedvesem 84
01. 018 Flag of Denmark.svg Dänemark Emmelie de Forest Only Teardrops 281
17. 019 Flag of Iceland.svg Island Eyþór Ingi Gunnlaugsson Ég á líf 47
02. 020 Flag of Azerbaijan.svg Aserbaidschan Farid Mammadov Hold Me 234
06. 021 Flag of Greece.svg Griicheland Koza Mostra feat. Agathonas Iakovidis Alcohol Is Free 152
03. 022 Flag of Ukraine.svg Ukrain Zlata Ohnewitsch Gravity 214
07. 023 Flag of Italy.svg Italien Marco Mengoni L'essenziale 126
04. 024 Flag of Norway.svg Norwegen Margaret Berger I Feed You My Love 191
15. 025 Flag of Georgia.svg Georgien Sopo Gelowani & Nodiko Tatischwili Waterfall 50
26. 026 Flag of Ireland.svg Irland Ryan Dolan Only Love Survives 5

Weideres[änneren | Quelltext änneren]

Den Emil Ramsauer vun der Schwäizer Grupp Takasa war an der zweeter Halleffinall mat 95 Joer deen eelste Participant op enger ESC-Bühn. Hien huet domat den 2012 opgestallte Rekord vun der 86-järeger Jelisaweta Sarbatowa vun de Buranowskije Babuschki gebrach.

Ukrain: de Leonid Stadnyk mam Zlata Ohnewitsch

Deen an deem Ament gréisste Mann vun der Welt, den 2,59 Meter grousse Leonid Stadnyk, huet déi ukrainesch Intrepretin Zlata Ohnewitsch op d'Bühn gedroen.

Verschidden Interprete ware scho virdrun emol eng Kéier dobäi:

  • de Bledar Sejko fir Albanien 2011 (Begleedung vum Aurela Gaçe)
  • de Gor Sujyan fir Armenien 2010 (Begleedung vum Eva Rivas)
  • d'Eliza Todorowa & Stojan Jankulow fir Bulgarien 2007
  • d'Aliona Moon fir Moldawien 2012 (Begleedung vum Pasha Parfeny)
  • d'Valentina Monetta fir San Marino 2012

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eurovision Song Contest 2013 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Baku (Aserbaidschan) Esc-wäiss1.png Kopenhagen (Dänemark)
ESC 2012 Eurovision Song Contest ESC 2014