Eurovision Song Contest 1956
![]() |
|
|---|---|
| 1. Eurovision Song Contest | |
| Datum | 24. Mee 1956 |
| Stad | Lugano (Schwäiz) |
| Gebai | Teatro Kursaal(Lugano) |
| Gewënner | Lys Assia (Schwäiz) |
| Zuel vu Länner | 7 |
| Nei Participatiounen | Belsch, Frankräich, Däitschland, Italien, Lëtzebuerg, Holland an d'Schwäiz |
| Moderatioun | Lohengrin Pilipello |
| Interval Act | Les Joyeux Rossignols |
| Ofstëmmungsregelung | Contestjury mat Memberen aus jiddwer Land. D'Wäertunge si geheim bliwwen. |
Den 1. Eurovision Song Contest war de 24. Mee 1956 zu Lugano an der Schwäiz. Moderéiert huet den Owend de Lohengrin Filipello: dëst war déi bis haut eenzeg männlech Solomoderatioun an der Geschicht vun der Eurovisioun, déi nach ouni Sallpublikum stattfonnd huet. Jiddwer Land, dat sech fir de Contest ugemellt hat, huet dierfe zwéin Titelen areechen.
Groussbritannien, Dänemark an Éisträich hunn d'Umellungsfrist vun der EBU awer verpasst. Eng Sproochregelung gouf et net; et war awer praktesch en ongeschriwwend Gesetz, an der Landessprooch ze sangen. Et hunn nëmme Solisten dierfen optrieden. D'Schwäiz sou wéi Lëtzebuerg hunn nëmmen eng Sängerin fir déi zwéin Titele presentéiert, während fir déi aner Länner allkéiers zwéin Interpreten opgetruede sinn. D'Halschend vun de Lidder goufen op franséisch gesongen; de Gros vun de Lidder ware sougenannt Chansonsen. Deemools bei der Jugend beléifte Museksstiler wéi Rock'n Roll oder Calypso sinn net virkomm. Nëmmen de Freddy Quinn, dee fir Däitschland gestart ass, ass mat sengem Boogie-Woogie-Lidd So geht das jede Nacht aus dem Kader gefall. Den zweeten däitschen Titel Im Wartesaal zum großen Glück gouf lo méi schwätzend wéi sangend vum Walter Andreas Schwarz virgedroen. D'Schwäiz huet hiren, deemools gréisste Star, an d'Renne geschéckt, d' Lys Assia, déi scho mat Oh mein Papa baussent de Schwäizer Grenze Succès hat.
Jiddwer Land huet zwéi Jurysmembere geschéckt, déi jiddwer Lidd, och déi vum eegene Land, bewäert hunn. Déi Ofstëmmung war awer am Geheimen. De lëtzebuergeschen Televisiounssender RTL huet awer op eege Jurysmembere verzicht (wahrscheinlech aus Keschtegrënn) an esou huet d'Schwäizer Jury am Numm vum Grand-Duché matofgestëmmt. Spekulatiounen no soll och dëst zu der Victoire vun der Schwäiz bäigedroen hunn. D'Bewäertungsënnerlage vun der Jury goufen no der Ofstëmmung zerstéiert. Bekannt gouf just d'Gewënnerlidd, all déi aner Plazéierunge si geheim bliwwen.
Déi folgend Tabell ass dofir no der zweeter Positioun alphabetesch no de Länner geuerdnet.
Klassementer [änneren]
| Plaz | Land | Interpret | Titel | Punkten |
|---|---|---|---|---|
| 1. | Schwäiz | Lys Assia | Refrain | – |
| – | Belsch | Fud Leclerc | Messieurs les noyés de la Seine | – |
| – | Belsch | Mony Marc | Le plus beau jour de ma vie | – |
| – | Däitschland | Walter Andreas Schwarz | Im Wartesaal zum große Glück | – |
| – | Däitschland | Freddy Quinn | So geht das jede Nacht | – |
| – | Frankräich | Mathé Altéry | Le temps perdu | – |
| – | Frankräich | Dany Dauberson | Il est là | – |
| – | Italien | Franca Raimondi | Aprite le finestre | – |
| – | Italien | Tonina Torrielli | Amami se vuoi | – |
| – | Lëtzebuerg | Michèle Arnaud | Ne crois pas | – |
| – | Lëtzebuerg | Michèle Arnaud | Les amants de minuit | – |
| – | Holland | Jetty Paerl | De vogels van Holland | – |
| – | Holland | Corry Brokken | Voorgoed voorbij | – |
| – | Schwäiz | Lys Assia | Das alte Karussell | – |
Um Spaweck [änneren]
| -- | Frankfurt (Däitschland) | |
|---|---|---|
| -- | Eurovision Song Contest | ESC 1957 |
