Jens Stoltenberg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Jens Stoltenberg,den 2. Juni 2009

De Jens Stoltenberg, gebuer de 16. Mäerz 1959 zu Oslo, ass en norwegeschen Economist a Politiker vun der sozialdemokratescher Aarbechterpartei.

Hien huet Economie studéiert a war eng zäitlaang Journalist. 1993 gouf hien eng éischte Kéier an de Storting (Parlament) gewielt. Hie war vun 1990-1001 Staatssekretär am Ëmweltschutzministère, 1993-1996 Wirtschafts- an Energieminister, an da bis 1997 Finanzminister.

Vum Mäerz 2000 bis 2001 war e Ministerpresident vun Norwegen. 2002 gouf e President vu senger Partei. De 17. Oktober 2005 gouf hien eng zweete Kéier Premierminister. Bei de Parlamentswalen am September 2009 gouf seng Arbeiderpartiet mat 35,4 Prozent vun de Stëmmen nees déi stäerkste Partei, an hie blouf weiderhi Premier.

Commons: Jens Stoltenberg – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen