Saccharos

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Zocker
Strukturformel:

Saccharose2.svg

Systemateschen Numm (IUPAC)
Saccharos
Chemesch Formel
C12H22O11
Ausgesinn
grouss glaskloer Kristallen
Eegeschaften
Aggregatzoustand fest
Léislechkeet Waasser
Dicht /
Molmass /mol
Schmëlzpunkt 160 Grad Celsius
Kachpunkt 200 Grad Celsius
Standard Formatiounsenthalpie {{{12}}}
Standardentropie {{{13}}}
Verbrennungsentropie {{{14}}}
Weideres
Ähnlech Molekülen {{{15}}}
Chemesch Famill {{{16}}}


Saccharos oder Haushaltszocker oder wéi am allgemengen Gebrauch einfach Zocker (ital.: zucchero, arab.: sukkar, aalind.: sarkara).

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geschicht

Fréier gouf meeschtens mat Hunneg (Europa) an Zockerrouerjus (Indien) geséisst. Et gëtt ugeholl datt d'Verfahre fir den Zockerrouerjus an Zocker ze kristalliséieren am 4. Joerhonnert no Christus an Indien entwéckelt gouf. Iwwer arabesch Händler koum dunn dëst Wëssen eriwwer an Europa an vun do aus an di verschidden europäesch Kolonien, wou du grouss Zockerrouerplantagen entstane sinn.

Zocker war am Ufank haaptsächlech en Heel- a Stäerkungsmëttel, an huet sech eréischt vill méi spéit als Genossmëttel entwéckelt.

An der Mëtt vum 18. Joerhonnert gouf dunn den Zocker aus Zockerrommele gewonnen a gouf am 19. Joerhonnert zu engem groussen Industriesecteur ausgebaut.

[änneren] Eegeschaften

An der Chimie ass et d'Bezeechung fir kristallesch, waasserléislech a meeschtens séiss Kuelenhydraten a gehéiert zu den Einfachzockeren an Oligosacchariden, wat di allgemeng Bezeechnung vun der Saccharos ass, en Zweefachzocker. Si besteet aus engem Molekül α-D-Glukos an engem β-D-Fruktos.

[änneren] Virkommen

Saccharos kënnt a ville Friichten- a Planzejuse vir a gëtt haaptsächlech aus Zockerrouer, Zockerrommelen, Zockerahorn an der Zockerpalm gewonnen. De Grondstoff aus dëse Planze gëtt fir d'Zockerproduktioun benotzt.


[änneren] Zorten

Zockerzorte ginn am Allgemengen nom Ausgesinn ënnerscheet:

  • den Haushaltszocker (Saccharos): ass dee bëllegsten an einfachsten Zocker an ass net esou reng wéi de wäissen Zocker.
  • de wäissen Zocker: ass rengen Zocker deen eng ganz gutt Qualitéit huet.
  • de brongen Zocker: schmaacht méi kräfteg a gëtt aus karamellhaltegem Zockersirup hirgestallt.
  • de Pudderzocker: ass gemuelene wäissen Zocker.
  • den Kristallzocker: ass déckkäregen wäissen Zocker.
  • de Geléierzocker: wäissen Zocker gëtt mat Pektin an Zitrounen-- oder Wäisaier versat a gëtt benotzt fir z.B. Gebeess ze machen.
  • den Amachzocker: ass déckkärege wäissen Zocker dee fir d'Amaache vu Friichte benotzt gëtt.
  • de wäisse Kandiszocker: sinn déck Kristallen déi aus rengen Zockerléisunge ganz lues kristalliséiert ginn.
  • de bronge Kandiszocker: en ass d'selwecht wéi dee wäissen, just datt do nach karamelliséierten Zocker dobäi kënnt.
  • den Invertzocker: do gëtt bei der Saccharos nach duerch en Zousatz vu Saier d'Glukos an d'Fruktos opgespléckt a gëtt haaptsächlech zur Hierstellung vu Kamelle gebraucht.

[änneren] Gesondheetswäert

Bei der Verdauung gëtt den Zocker a seng Bestanddeeler zersat: an d'Glukos an an d'Fruktos. Hien huet guer keng Mineralstoffer oder Vitaminnen, mä e ganz héijen Energiegehalt. Den Nährwäert vun 1 g Zocker läit bei 4 kcal. Den Zocker verursaacht Karies, well en duerch seng pecheg Eegeschafte laang un den Zänn hänke bleift.


Zockerkonsum an Däitschland

[änneren] Bedeitung a Gebrauch vum Zocker

Weltwäit ginn all Joers bal 90 Milliounen Tonnen Zocker hiergestallt. An den Industrielänner gehéiert en zu de Grondnahrungsmëttelen. Vun de Kuelenhydrater ginn aleng 28 % a Form vun Zocker konsuméiert. 12 % vun der Energiezoufuhr staamt vum Zocker. Zocker gëtt benotzt fir Gedrénks wéi Kaffi oder Téi ze séissen an ass a ville Liewensmëttelle wéi am Schokola oder a Bakwueren ze fannen.

[änneren] Kuckt och

Zockerausstauschmëttel

Commons: Sucrose – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen