Werner Heisenberg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Werner Karl Heisenberg, gebuer de 5. Dezember 1901 zu Würzburg, a gestuerwen den 1. Februar 1976 zu München, war en däitsche Physiker.
Hie war e Schüler vum Max Born a vum Niels Bohr a gehéiert mat senge grondleeënden Erkenntnesser an der Kärphysik zu bedeitensten theoretesche Physiker.
Zënter 1927 war hie Professer an huet Coursen zu Leiprig a Japan an an Amerika ginn.
Vun 1941 bis 1945 war hien Direkter vum Kaiser Wilhelm-Institut fir Physik zu Berlin an huet sech an enger Féirungspositioun um Uranprojet vum däitschen "Heereswaffenamt" bedeelegt.
1946 gouf hie Leeder vum neigegrënnte "Max-Planck-Institut fir Physik an Astro-Physik" zu Göttingen. Vun 1958 bis 1970 huet hien zu München dozéiert.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Werner Heisenberg – Biller, Videoen oder Audiodateien |