Walt Disney

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Portrait vum Walt Disney

De Walt Disney, gebuer de 5. Dezember 1901 als Walter Elias Disney zu Chicago a gestuerwen de 15. Dezember 1966 zu Burbank (Kalifornien), war een US-amerikanesche Filmproduzent, Trickfilmzeechner a -regisseur.

De Karikaturist a Reklamenzeechner Walt Disney huet vun 1922 unn zu Hollywood mat Zeechentrickfilmen experimentéiert.

Hien huet nei Märchegestalte erfonnt, vun denen d'Mickey Mouse (1926) weltberuhmt gouf. D'Niewefiguren vun der Mickey Mouse goufen zu Haaptakteuren an neien Trickfilmserien sou zum Beispill den Donald Duck, de Goofy an den Dagobert Duck.

1937 entsteet den éischte Long-métrage Film an zwar Snow White and the Seven Dwarfs (Schneewittchen an déi siwen Zwergen).

Disney1968.jpg
Commons: Walt Disney – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools