Carole Mersch

Vu Wikipedia
Carole Mersch
Gebuer 28. Februar 1950
Aktivitéit Historiker

D'Carole Mersch (bestuet Gourdin), gebuer den 28. Februar 1950 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Geschichtsprofessesch. Si ass Auteur vun engem Buch iwwer d'Press zu Lëtzebuerg am Zesummenhang mam Naziregime vun 1933 bis 1940.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

No hire Secondairesstudien am Lycée Robert-Schuman huet d'Carole Mersch Geschicht op de Cours supérieurs an der Stad an op der Universitéit vun Dijon studéiert. Titel vun hirem Mémoire de maîtrise: L'opinion publique au Luxembourg face au national-socialisme (Dijon, 1973). Am Kader vum hirem Stage pédagogique huet si sech weider mam Nationalsozialismus, déi Kéier am Zesummenhank mat der Lëtzebuerger Press, beschäftegt. No e puer Joer als Geschichtsprofessesch am Escher Lycée technique, an der Stater Handwierkerschoul an am Institut supérieur de technologie, krut si an de fréien 80er Joren hir Mutatioun an de Kolléisch. Am Hierscht 2010 huet si d'Pensioun geholl.

D'Carole Mersch ass bestuet, Mamm vun zwéi Jongen a wunnt an der Stad Lëtzebuerg.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • Mersch, Carole, 1977. Le national-socialisme et la presse luxembourgeoise de 1933 à 1940; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Verlag, 1977. 185 Säiten.