Gaston Gibéryen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Gaston Henri Gibéryen, gebuer den 29. Juni 1950 zu Bur, ass e lëtzebuergeschen ADR-Politiker a fréieren NGL-Gewerkschaftler.
Hien ass zënter dem 13. Juli 1989 Deputéierten aus dem Walbezierk Süden an der Chamber (fir d'lescht 2009 erëmgewielt).
Vum 1. Januar 1982 bis de 25. November 2005 war hie Buergermeeschter vun der Gemeng Fréiseng, an zënter dem 13. Mee 2006 ass en Éierebuergermeeschter.
President vun der Neutraler Gewerkschaft Lëtzebuerg war hie vum 26. November 1989 bis den 12. Abrëll 2003.
Gielercher [änneren]
- Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1999)[1]
- Commandeur vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2004)[2]
Um Spaweck [änneren]
Referenzen [änneren]
- ↑ Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' während op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg wëll de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.
- ↑ Compte rendu des séances publiques n° 17 session 2003-2004