Okuro Oikawa

Vu Wikipedia
Okuro Oikawa
Gebuer 1896
Gestuerwen 1970
Nationalitéit Japan
Aktivitéit Astronom

Den Okurō Oikawa (及川奥郎), gebuer am Joer 1896, a gestuerwen am Joer 1970, war e japaneschen Astronom.

Den Oikawa huet um Astronomeschen Observatoire zu Tokio geschafft, wou hien – Enn vun den 20er Joren – ënner anerem aacht Asteroiden entdeckt huet. Hie war deen éischte Japaner, deem d'Entdeckung vun engem Asteroid gelongen ass. Zu sengen Éiere gouf den Asteroid (2667) Oikawa genannt.

Entdeckt Asteroiden[änneren | Quelltext änneren]

8 Asteroiden: endeckt
(1088) Mitaka 17. November 1927
(1089) Tama 17. November 1927
(1090) Sumida 20. Februar 1928
(1098) Hakone 5. September 1928
(1139) Atami 1. Dezember 1929 mat dem K. Kubokawa
(1185) Nikko 17. November 1927
(1266) Tone 23. Januar 1927
(1584) Fuji 7. Februar 1927

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]