Ernst Zinner

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Ernst Zinner, gebuer den 2. Februar 1886 zu Goldberg a Schlesien a gestuerwen den 30. August 1970 zu Planegg a Bayern war en däitscher Astronom an Astronomiehistoriker. Hie hat de Koméit Giacobini-Zinner nees erëmfonnt (zréck entdeckt).

No sengem Studium zu München a Jena a Fuerschungsuwiesenheet zu Lund an Heidelberg hat den Zinner vu 1910 bis 1919 zu Bamberg geschafft. Vu 1920 war hie Privatdozent a vu 1924 un ausseruerdentleche Professer un der Universitéit München. Vu 1926 bis 1953 war hien Direkter vum Remeis-Observatoire zu Bamberg.

Niewent senger eegentlecher astronomescher Aarbecht, besonnesch zu de verännerleche Stäre, hat den Zinner bedeitend Wierker zu der Geschicht vun der Astronomie verfaasst.

Den 23. Oktober 1913 entdeckt den Zinner dee gläiche Koméit nees zréck, deen den Michel Giacobini schonns am Joer 1900 am Frankräich entdeckt hat. Dëst war zwéi Ëmleef méi spéit. Zënterhier gëtt de Koméit Giacobini-Zinner (21P) genannt.

Nom Zinner ass och e Moundkrater Zinner mat 4 km Duerchmiesser genannt.

Wierker (Auswiel) [änneren]

  • Verzeichnis der astronomischen Handschriften des deutschen Kulturgebietes, München, 1925
  • Helligkeitsverzeichnis von 2373 Sternen bis zur Größe 5.50, Bamberg, 1926
  • Die Geschichte der Sternkunde von den ersten Anfängen bis zur Gegenwart, Berlin, 1931
  • Geschichte und Bibliographie der astronomischen Literatur in Deutschland zur Zeit der Renaissance, Leipzig, 1941, ISBN 3-7772-6407-5
  • Astronomie. Geschichte ihrer Probleme. Orbis academicus Band II/1. Verlag Karl Alber, Freiburg / München, 1951, ISBN 3-495-44103-4

Literatur [änneren]