Ofplattung
Ënner Ofplattung versteet een d'Verformung vun engem Planéit oder aneren Himmelskierper duerch seng Rotatioun.
Déi geometresch Ofplattung vun engem ellipsoidesche Kierper ass de relativen Ënnerscheed vum Radius am Equator an um Pol.
Déi geometresch Ofplattung ass definéiert duerch
woubäi b de Polradius an a den Equatorradius ass.
Vun Ofplattung schwätzt een och bei engem onregelméissegem Kierper, wann z. B. säi Meridianschnëtt keng Ellips, mä ee sougenannte Sphäroid ass. Dës wierkt sech an däitleche Anomalie vum Schwéierfeld aus, déi och Bunnstéierunge vu Satellite resp. Mounden bewierken.
D'Ofplattung entsteet duerch d'Zentrifugalkraaft vun der Rotatioun, deen den Himmelskierper wéi e plastesche Kierper nogëtt. Si hëllt mat noloossender Ëmdréiungszäit of, awer hänkt och vun der Dicht vum Kierper of.
Bei Jupiter a Saturn ass si duerch déi schnell Rotatioun vu ronn 10 Stonnen schonn am klengen Teleskop däitlech ze gesinn (1:15 resp. 1:10). Scho bei der Äerd ass den Duerchmiesser vu Pol zu Pol ëm 42 km méi kleng wéi um Equator (Ofplattung 1:298), wat awer aus dem Weltraum mat bloussem A nach net ze erkennen ass.
D'Sonn ass wéinst hirer laanger Rotatiounsdauer (knapp 1 Mount) baal kugelfërmeg. Gréisser oder sech schnell dréiend Stäre (Roud Risen, Pulsare asw.) sinn dogéint staark ofgeflaacht. Bei eiser Galaxis (Mëllechstrooss) ass en ähnleche Effet zënter hirer Genesis.
