Bath

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Flag GB template.gif Dëse Geographiesartikel iwwer dVereenegt Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Royal Crescent, eng vun deenen Exklusivsten Adressen an England
Pulteney Bridge iwwer de Floss Avon

Bath ass eng Stad am Südweste vun England, an der Grofschaft Bath an Nordost Somerset. Bath ass virun allem bekannt fir seng waarm Bieder (dohier den Numm vun der Stad) a seng Georgianesch Architektur, an zielt zu deene schéinste Stied a Groussbritannien.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Bath läit an engem Dallkessel, ëmgi vun den Hiwwele vum Somerset, um Floss Avon. Et ass och déi eenzeg Plaz a Groussbritannien, wou ee waarm Waasser Quelle fënnt.

Bath huet 84.000 Awunner (2001).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Schonn zu Réimerzäite war d'Stad ënner dem Numm Aquae Sulis bekannt an eng vun deene gréisste Réimesche Siedlungen a Groussbritannien. Déi réimesch Bieder sinn nach haut, deelweis renovéiert, ze gesinn.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Déi ganz Stad ass iwwerséit mat wäisse Gebaier aus der Georgianescher Period.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bath, Somerset – Biller, Videoen oder Audiodateien